De Camp Ellis war en amerikanescht Ausbildungslager vun den Army Service Forces am Zweete Weltkrich an deelweis e Krichsgefaangelager am Fulton County am US-Bundestaat Illinois.

Ausbildungslager änneren

Vum Dezember 1941 bis an de Juni 1942 ass un de Pläng vum Camp geschafft ginn. Mam Bau gouf de 17. September 1942 ugefaangen.[1]

De Camp, dee fir ronn 35.000 Mann an 3.000 Krichsgefaange geplangt war, ass de 15. Abrëll 1943 offiziell a Betrib geholl ginn.[2]

Krichsgefaangelager änneren

Bei de POWs huet et sech ëm Wehrmachtszaldote gehandelt, déi a Gefaangeschaft geroden oder desertéiert waren. Déi éischt sinn Enn August 1943 do ukomm[3], ongeféier 1000 Mann. Den 8. September 1943 louch hir Zuel bei 2.673.[4] Si goufen do vun der 475. respektiv der 476. Military Police Escort Guard Company bewaacht.[4]

Am Camp Ellis war och zäitweileg de lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten an Deserteur Charles Waringo internéiert.

Nom Krich änneren

1945 ass de Camp offiziell zougemaach ginn. En Deel dovun ass awer nach vun 1946 bis 1950 vun der Illinois National Guard an 1953 vun der Air Force benotzt ginn.[5]

Den Numm änneren

De Camp huet säin Numm dem Sergeant Michael B. Ellis verdankt, deen am Éischte Weltkrich d'Medal of Honor krut.

Unitéiten änneren

 
De Genie beim Training am Camp Ellis.
  1. 3052nd Quartermaster Salvage Col Co.
  2. 738th Engineer Base Depot Company
  3. 567th Engineer Dump Truck Company
  4. 539th Salvage Repair Company
  5. 475th Military Police Escort Guard Company
  6. 476th Military Police Escort Guard Company
  7. 4624th Service Unit (Wac)
  8. 1303rd Engineer General Service Regiment Activated on 15 July 1943
  9. 123rd Infantry Company A
  10. 1317th Engineer General Service Regiment
  11. 1332nd Engineer Regiment (African-American Unit)
  12. 371st Engineer Construction Battalion
  13. 520th Transportation Battalion
  14. 548th CSB
  15. 600th Quartermaster Company
  16. 533rd CSB
  17. 123rd Infantry
  18. 181st Transportation Battalion Activated 25 June 1943

Literatur änneren

  • The Story of Camp Ellis. 1945, 128 S. [1]

Referenzen änneren

  1. The Story of Camp Ellis, S. 9.
  2. The Story of Camp Ellis, S. 11 an 21.
  3. The Story of Camp Ellis, S. 36
  4. 4,0 4,1 The Story of Camp Ellis, S. 37.
  5. Camp Ellis

Kuckt och änneren