Michael B. Ellis

amerikaneschen Zaldot

De Michael B. Ellis, gebuer den 28. Oktober 1894 zu St. Louis am Bundesstaat Missouri, a gestuerwen den 9. Dezember 1937 zu Chicago (Illinois), war e Sergeant an der U.S. Army, dee fir säi couragéierten Asaz am Éischte Weltkrich a Frankräich 1918 de Silver Star krut, an 1919 d'Medal of Honor, déi héchst amerikanesch militäresch Auszeechnung.

Michael B. Ellis
Gebuer 28. Oktober 1894
St. Louis
Gestuerwen 9. Dezember 1937
Chicago
Nationalitéit USA
Aktivitéit Zaldot

Dem Michael B. Ellis seng Mamm war gestuerwen, wéi hien nach e klengt Kand war. Well säi Papp ze aarm war, fir fir hien ze suergen, gouf de Bouf vun enger polnescher Famill adoptéiert, déi zu East St. Louis am Illinois gewunnt huet, wou de Michael opgewuess ass. Mat zwielef Joer huet hie mat der Schoul opgehalen, fir an der Dréckerei vu sengem Adoptivpapp ze schaffen. Véier Joer méi spéit huet hien déi Aarbecht opginn a sech am Februar 1912 zu East St. Louis an d'amerikanesch Arméi gemellt. Als Zaldot an der Company K, 7th Infantry, war hie laanscht der mexikanescher Grenz am Asaz an zu Veracruz (Mexiko), dat 1914 wärend siwe Méint vun der amerikanescher Arméi besat gi war.

No senge regulären dräi Joer Déngscht ass de Michael Ellis an Éieren aus der Arméi entlooss ginn. Sechs Méint méi spéit huet hie sech awer nees an d'Arméi ophuele gelooss. Am Abrëll 1917 gouf hie Kaperol an e Mount drop Sergeant.

Am August 1919 koum de Michael Ellis aus Frankräich zeréck an Amerika, an zwar op St. Louis, wou hien et als Zivilist net einfach hat, sech duerchzeschloen, bis hie schliisslech 1924 dank engem Presidential executive order[1] eng Plaz bei der Post vu St. Louis krut.

De Michael Ellis ass 1937 un enger Longenentzündung gestuerwen. Hie gouf um Arlington National Cemetery begruewen. Him zu Éieren huet en Ausbildungszenter, deen déi amerikanesch Arméi am Zweete Weltkrich am Illinois ageriicht hat, Camp Ellis geheescht.

Quellen änneren

  • The Story of Camp Ellis. 1945, 128 S. (Sergeant Michael B. Ellis: S. 4-5). [2]
  • US Army Center of Military History: Medal of Honor Recipients, World War I: Ellis, Michael B.

Referenzen änneren

  1. Presidential executive orders: numbered 1-8030, 1862-1938, Volume 1, New York 1944, S. 341. [1]

Um Spaweck änneren