Calar Alto-Observatoire

De Calar-Alto-Observatoire ass en däitsch-spueneschen Observatoire um 2168 m héije Calar Alto an der Sierra de los Filabres am Süde vu Spuenien (Provënz Almería). Den offiziellen Numm ass Deutsch-Spanisches Astronomisches Zentrum (DSAZ) respektiv. op Spuenesch Centro Astronómico Hispano-Alemán (CAHA).

D'Gebai vum 2,2 m Teleskop

Inventur änneren

Um Calar Alto si fënnef grouss optesch Spigelteleskopen:

  • 3,5-m-Teleskop (zanter 1984) dee vun 2015 un, mat engem neien Instrument, dem CARMENES ekipéiert gëtt.
  • 2,2-m-Teleskop (zanter 1979)
  • 1,23-m-Teleskop (zanter 1975)
  • Schmidt-Teleskop mat 80 cm Agangsëffnung an 1,20 m Spigelduerchmiesser (zanter 2000 net méi a Betrib). Dësen Teleskop stoung ufanks zanter 1954 am Hamburger Observatoire a gouf am Joer 1975 wéinst dem bessere Wierder op de Calar Alto bruecht.
  • Spuenescht 1,52-m-Teleskop (onofhängeg bedriwwe vum spuenesche Staatsobservatoire vu Madrid (OAN))

Kuckeswäert ass op der Plaz och eng Sonnenauer déi vun engem däitschen Ingenieur entworf gouf.

Kuck och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Calar Alto Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien