Calar Alto-Observatoire
(Virugeleet vu(n) Calar-Alto-Observatoire)
De Calar-Alto-Observatoire ass en däitsch-spueneschen Observatoire um 2168 m héije Calar Alto an der Sierra de los Filabres am Süde vu Spuenien (Provënz Almería). Den offiziellen Numm ass Deutsch-Spanisches Astronomisches Zentrum (DSAZ) respektiv. op Spuenesch Centro Astronómico Hispano-Alemán (CAHA).
Inventur
ännerenUm Calar Alto si fënnef grouss optesch Spigelteleskopen:
- 3,5-m-Teleskop (zanter 1984) dee vun 2015 un, mat engem neien Instrument, dem CARMENES ekipéiert gëtt.
- 2,2-m-Teleskop (zanter 1979)
- 1,23-m-Teleskop (zanter 1975)
- Schmidt-Teleskop mat 80 cm Agangsëffnung an 1,20 m Spigelduerchmiesser (zanter 2000 net méi a Betrib). Dësen Teleskop stoung ufanks zanter 1954 am Hamburger Observatoire a gouf am Joer 1975 wéinst dem bessere Wierder op de Calar Alto bruecht.
- Spuenescht 1,52-m-Teleskop (onofhängeg bedriwwe vum spuenesche Staatsobservatoire vu Madrid (OAN))
Kuckeswäert ass op der Plaz och eng Sonnenauer déi vun engem däitschen Ingenieur entworf gouf.
Kuck och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Calar Alto Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien |