C/1999 S4 (LINEAR)
Foto, opgeholl mam Hubble – Bild vum zerfalene Koméit C/1999 S4 de 5. August 2000.
Orbittyp Hyperbel
Grouss Hallefachs ~700 AE
Perihel 0.76509 AE
Aphel ~1400 AE
Numeresch Exzentrizitéit 1.00010
Perihelduerchgank
Ëmlafdauer
Ëmlafvitess
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser zirka 0,9 km
Entdecker LINEAR
Entdeckungsdatum 27. September 1999
Aner Bezeechnungen

Den C/1999 S4 ass e laangperiodesche Koméit, deen de 27. September 1999 vum Projet LINEAR entdeckt gouf. De Koméit koum den 22. Juli 2000 op eng Distanz vun 0,3724 AE un eis Äerd erun. Den Duerchmiesser vum Koméitekär gouf op ronn 0,9 km geschat.

Ier de Koméit sech opgeléist huet, war d'Kärerosiounsquot ongeféier bei 1 cm pro Dag. Ëm de 5. Juli 2000 gouf de Koméit méi hell an ettlech Fragmenter hu sech vum Kär geléist. Ëm den 20. Juli war seng Hellegkeet nach eng Kéier geklomm an de Koméit huet sech duerno praktesch ganz opgeléist.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren