Côtes-du-Rhône ass eng AOC fir Wäiner déi aus de Wéngerte vum Rhônedall kommen.

D'Wéngerte vum Côtes du Rhône leie riets a lénks vum Rhône. D'Appelatioun Côtes du Rhône déi mat engem Dekreet vun 1937 geschaf gouf bezitt sech op 44.000 ha Wéngerten déi op 6 Departementer leien an zwar d'Departement Rhône, d'Loire, d'Drôme, d'Ardèche, de Gard an d'Vaucluse.

Et ass eng Appellatioun ënner där all Wäiner aus dem Rhônedall verkaaft kënne ginn.Si däerf net verwiesselt ginn mat der AOC Côtes-du-Rhône-Villages, déi nëmme 16 Gemengen däerfe gebrauchen.

D'Haaptriefzort beim roude Wäin ass d'Grenache, an donieft kommen d'Cinsaut, d'Syrah, an d'Mouvèdre.

Fir déi wäiss Wäiner ass et am Norden de Viognier an duerno no Süden hin, d'Wäiss Grenache, an d'Clairette mat donieft a klenge Quantitéiten d'Roussanne, d'Marsanne, de Bourboulenc, de Picpoul an de Picardan.

D'Etiketten an d'Fläschen änneren

D'Etikette vum Côtes-du-Rhône ass méi einfach wéi déi vum Bourgogne an dem Bordeaux. Et gëtt kee Grand-Cru an och kee Premier-Cru. Bei der Côte-Rotie, Hermitage a Cornas ginn heiansdo d'Flouernimm mat dropgesat. Déi hunn awer kee rechtleche Wäert. Et ass den Numm vum Wënzer oder dee vum Händler deen zielt.

Fir d'Wäiner aus dem südlechen Deel däerfen nëmmen d'Wënzer déi hire Wäin ënner der AOC Châteauneuf-du-Pape verkafen, Fläsche benotzen, op deenen d'Tiara agegoss ass, mat de Schlësselen ënner dem peepstlechen Zeechen. D'Händler vu Châteauneuf däerfe Fläsche benotzen, bei deenen d'Schlësselen iwwer der Tiara sinn.

Geographesch Situatioun änneren

Wëngerte vum Côtes-du-Rhône Sinn net engem eenzelen Gebitt gruppéiert, dat zesummenhänkt. Si erstrecke sech vum Norde vu Vienne un, iwwer eng Längt vu ronn 200 km laanscht de Rhône no Süde bis op Avignon. D'Wéngerten am Dall vun der Drôme an der Géigend vun Die a vu Châtillon-en Diois ginn och nach zu de Côtes-du-Rhône gerechent.

Si sinn an zwou grouss Partien agedeelt, den nërdlechen Deel Côtes-du-Rhône septentrionales genannt, an de südlechen Deel d'Côtes-du-Rhône méridionales.