Cécile Aubry
franséisch Schauspillerin
D'Cécile Aubry, gebuer als Anne-José Bénard den 3. August 1928 zu Paräis, a gestuerwen den 19. Juli 2010 zu Dourdan, war eng franséisch Schrëftstellerin, Dréibuchautorin, Schauspillerin an Televisiounsregisseurin.
Cécile Aubry | |
---|---|
Gebuertsnumm | Anne-José Madeleine Henriette Bénard |
Gebuer |
3. August 1928 16. Arrondissement |
Gestuerwen |
19. Juli 2010 Dourdan |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Cours Simon |
Aktivitéit | Romancier, Televisiounsregisseur, Dréibuchauteur, Kannerbuchauteur, Filmschauspiller, Filmregisseur |
Famill | |
Kanner | Mehdi El Glaoui |
Si gouf bekannt als Dréibuchautorin a Regisseurin vun der franséischer Televisiounsserie Belle et Sébastien.
Si huet och eng 50 Kannerbicher geschriwwen.
Hir bedeitendst Roll am Kino krut si am Joer 1949 am Film Manon vum Henri-Georges Clouzot nom Roman vum Abbé Prévost.
Filmographie
ännerenals Schauspillerin
änneren- 1947: Une nuit à Tabarin - Regie: Karel Lamač - Haaptacteuren: Jacqueline Gauthier, Robert Dhéry
- 1949: Manon - Regie: Henri-Georges Clouzot - Haaptacteuren: Serge Reggiani, Michel Auclair
- 1950: The Black Rose - Regie: Henry Hathaway - Haaptacteuren: Tyrone Power, Orson Welles
- 1951: Barbe-Bleue - Regie: Christian-Jaque - Haaptacteuren: Pierre Brasseur, Jean Debucourt
- 1951: Blaubart - Regie: Christian-Jaque - Haaptacteuren: Hans Albers, Fritz Kortner
- 1953: Piovuto dal cielo - Regie: Leonardo De Mitri - Haaptacteuren: Renato Rascel, Memmo Carotenuto
- 1954: Tanz in der Sonne - Regie: Géza von Cziffra - Haaptacteuren: Franco Andrei, Rudolf Platte
- 1959: La ironía del dinero - Regie: Edgar Neville, Guy Lefranc