Bulbophyllum bicolor
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Bulbophyllum-Aart aus Ostasien. Fir déi madagaskaresch Bulbophyllum-Aart mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Bulbophyllum bicoloratum. |
D'Bulbophyllum bicolor ass eng Bléieplanzenaart aus der Gattung Bulbophyllum an der Famill vun den Orchideeën (Orchidaceae). Se gouf 1830 vum brittesche Biolog John Lindley beschriwwen[1].
Eng Bulbophyllum bicolor | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ënnerräich | Tracheobionta |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Monokotyledonen |
Ënnerklass | Liliopsida |
Uerdnung | Asparagales |
Famill | Orchidaceae |
Ënnerfamill | Epidendroideae |
Gattung | Bulbophyllum |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Bulbophyllum bicolor | |
Lindl., 1830 | |
D'Aart huet heiansdo als en Endemit vun Hong Kong beschriwwen[2][3], allerdéngs ass d'Verbreedungsgebitt vun dëser Orchidee méi grouss a läit, ausser China (nordwestleche Yunnan an d'Stad Hong Kong), och am Vietnam, a Laos an an Thailand[4],[5].
De Rhizom ass ronn, 3–4 mm am Duerchmiesser. D'Pseudobulbe sinn eefërmeg, ronn 2 cm laang an 0,8–1,3 cm am Duerchmiesser. D'Infloreszenz huet 1–3 Blummen; d'Blumme si blatzeg-giel mat violetten a purpurroude Flecken, hunn en olivegréngen oder bal mandarinne Labellum[3].
Um Spaweck
ännerenCommons: Bulbophyllum bicolor – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2020-04-28. Gekuckt de(n) 2018-08-04.
- ↑ http://www.orchidspecies.com/bulbbicolor.htm
- ↑ 3,0 3,1 http://www.efloras.org/florataxon.aspx?flora_id=2&taxon_id=242309244
- ↑ http://www.catalogueoflife.org/col/details/species/id/936cae231a48100acc90e1e3d096af57
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2021-12-24. Gekuckt de(n) 2018-08-04.