Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Grond: hei geet nëmme vum elektresche Buerhummer rieds, et gëtt der awer nach


De Buerhummer ass e Geschier, dat gebaut ass, fir a Steen an a Bëtong ze bueren.

Buerhummer mat enger Eenzelschlagenergie vun 0-4,2 Joule

Den "Hilti"

änneren

Beim Buerhummer koum et zu Lëtzebuerg zu engem Begrëffsmonopol. Vill Leit nennen all Buerhummer "en Hilti", wéi déi Liechtensteiner Firma.

De Funktiounsprinzip

änneren

D'Energie, déi d'Maschinn op de Buer gëtt ass onofhängeg vum Drock, deen op d'Maschinn wierkt. Et notzt also näischt, anescht wéi bei der Schlagbuermaschinn, méi fest a Richtung Buer ze drécken.

D'Gewiicht vun de Maschinne geet vun ongeféier 2 bis eng 12 Kilogramm.

Wann d'Dréiwierk ofgeschalt ass, léisst sech de Buerhummer mat engem Meessel als Schlaghummer benotzen.

 
De kugelgelagerte Schlagzylinder vum Buerhummer

Geschichtleches

änneren

Déi éischt Buerhimmer sinn an de Minièren agesat ginn, wou se mat Pressloft gedriwwe goufen.
1932 huet d'Firma Bosch ugefaangen, déi éischt Buerhimmer a Serie ze bauen, dee sougenannte Boschhammer, deen déi Zäit schonn eng Sécherheetskupplung hat.