Buchen um Kéibuer
D'Buchen um Kéibuer sinn eng Koppel Routbuchen (Fagus sylvatica, (fr) hêtre, (de) Rotbuche) déi beim Kéibuer an der Sektioun Fenteng vun der Gemeng Hesper stinn. Wéinst hirem opfällege Wuerzelgeflecht an och der Plaz wou se stinn, ziele se zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
Buchen um Kéibuer | |
---|---|
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Hesper |
Plaz | Fenteng |
Adress | Kéibur (Hesper) |
Koordinaten | 49°34'8,58"N, 6°7'57,29"O |
Bamaart | Routbuch |
Geschaten Alter | 175 a |
Héicht | 25,8 m (2023) |
Duerchmiesser | 1,10 m (2023) |
Ëmfang | 3,46 m (2023) |
Lokalisatioun
ännerenD'Buche stinn am Flouer Géisselbierg, südlech vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg, säitlech iwwer dem Kéibuer. Fir bei de Kéibuer ze kommen, fiert ee vu Fenteng aus bis un de Wupp vun der Rue de Kockelscheuer; vun do aus sinn et dann nach ronn 820 m iwwer en asphaltéierte Wee laanscht d'Doulemerbaach.
Entwécklung vun de Beem
ännerenDéi zwou Buchen hunn en opfällegt Wuerzelgeflecht an d'Wuerzele goufe warscheinlech beim Bau vum Wäschbuer fräigeluecht. Déi zwou Buche wieren deemno ëm 175 Joer al(Stand: 2024).
Ëm 2000 gouf eng Stammdéckt, op Broschthéicht, vun 2,70 m respektiv 1,47 m gemooss. D'Gréisst gouf net opgeholl.
Déi zwou Buche goufen 2002 fir d'éischt op den Inventaire vun de bemierkenswäerte Beem gesat.
Joer | [1] | Bemierkung | ||
---|---|---|---|---|
≈2000 | 2,70 | 0,86 | südleche Bam | |
1,48 | 0,47 | nërdleche Bam | ||
2023 | 3,46 | 1,10 | 25,80 |
Kuckt och
ännerenBiller
ännerenQuellen
änneren- Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (Cf. S. 140-141, Text a Foto)
- Natur, Kultur und Geschichte in der Gemeinde Hesperingen, 2004. Erausgi vun der Gemeng Hesper, de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Hesper an der Administration des eaux et forêts. (Text op Däitsch an op Franséisch). Dréckerei Heintz, Péiteng.
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 72 an 73, Text a Foto)
Um Spaweck
ännerenCommons: Buchen um Kéibuer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ op Broschthéicht gemooss