Braunlauf (Baach)

belsch Baach

D'Braunlauf ass eng belsch Baach an der Provënz Léck. Si entsteet aus dem Zesummefloss vun zwou klenge Baachen dem Rossbach, an enger Baach ouni Numm, an enger Supp 900 m nërdlech vun der Uertschaft Maldingen op enger Héicht vu 468 m (ING Belsch)..

Braunlauf
Quellgebitt vun der Braunlauf
Längt 16.750 m
Debit 11.85 /s
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Fläch vum Baseng 35,46 km²
Originn
Originn Zesummelaf
vun 2 Baachen
Plaz Maldingen
Héicht 468
Koordinaten 50° 14’ 22’’ N
      06° 02’ 02’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Our
Plaz Lommersweiler
Grüfflingen
(Neumühle)
Héicht 376 m
Koordinaten 50° 13’ 54.19’’ N
      06° 10’ 25.18’’ O
Haaptnieweflëss Rosbach, Mittelbach, Dorfbach, Moderbach, Entenbach, Prümerbach, Hasselbach
Geographie
Land Belsch
Provënz Léck
Uertschaften Braunlauf, Neubrück, Galhausen an Neidingen

Si leeft vun do aus no Osten a Richtung Braunlauf a muss dofir ënner der aler Eisebunsslinn N° 163 erduercht. Ronn 1.500 Meter hanner Braunlauf kritt se Gesellschaft vum Mittelbach, an 2 km duerno vum Moderbach. No engem Laf vun 11 km, an 1 km südlech vu Breitfeld kënnt vu lénks de Prümerbach dran. Vun hei un dréint d'Braunlauf no Süden a Richtung Neidingen vir dann an engem schmuelen Dall weider laanscht Lommersweiler ze lafen.

Kuerz no Lommersweiler kënnt da vu riets nach den Hasselbach dran, a 1.700 Meter méi déif leeft se dann op enger Héicht vun 376 Meter bei der däitsch-belscher Grenzmaark N° 163 an d'Our. Hir Totallängt ass 16.750 m.

Naturschutz

änneren

Den Dall vun der Braunlauf a vun hiren Nieweflëss ass en Natura 2000 Schutzgebitt (Nr. BE33063).[1]

 
Bloe Feierpaiperlek (Lycaena helle) laanscht d'Braunlauf
 
Batterkléi (Menyanthes trifoliata) laanscht d'Braunlauf

Referenzen

änneren
  1. BE33063 - Vallée et affluents du Braunlauf