Bréck vu Cubzac (1836)

D'Bréck vu Cubzac war eng Hänkbréck déi tëscht 1835 an 1869 op där Plaz stoung wou haut d'Bréck vun der Departmentale 1010 tëscht Cubzac a Saint-Vincent-de-Paul steet.

Skizz vun der Bréck vun 1841

D'Fëllementer vun de gosse Piliere waren am Stee gebaut, grad sou wéi d'Opfaartsrampen op den zwou Säite vun der Dordogne déi haut nach déi selwecht sinn, an aus 28 respektiv 29 Béi bestanen hunn.

Se huet aus fënnef Felder vun all Kéier 109 Meter bestanen, an d'Piliere ware 25,80 m héich.

Well beim Bau Feeler ënnerlaf waren, d'Fëllementer vu Pilieren hate sech ëm ee Meter gelooss, gouf d'Konstruktioun ni definitiv ofgeholl. Se war nëmmen ënner bestëmmte Konditioune fir de Verkéier op, an déi zoulässeg Laaschte ware staark reduzéiert ginn.

Bei engem Stuerm 1869 war d'Bréck sou schwéier beschiedegt ginn datt se huet missen ofgerappt ginn. D'Sockele vun de Piliere goufen duerno renforcéiert fir beim Bau vun der haiteger Bréck weider kënne gebraucht ze ginn.[1][2][3][4][5]

Geschicht änneren

 
Tariffer vum Péage

D'Decisioun fir eng Bréck zu Cubzac ze baue goung op zwou Decisioune vum Napoléon zeréck, an zwar eng vum 30. Januar 1812 an eng vum 3. Februar 1813. D'Bréck sollt fir 1820 fäerdeg sinn, mä duerch déi politesch Evenementer vun där Zäit goufen dem Napoléon seng Decisiounen op d'Äis geluecht. D'Iddi fir eng Bréck ze baue koum dunn 1818 nees op, awer déi Kéier hat d'Bréck vu Libourne d'Prioritéit, fir d'Entwécklung an de Provënze vu Bordeaux ze favoriséieren. Well de Passage iwwer d'Dordogne bei Cubzac awer ëmmer méi sollicitéiert gouf, koum 1833 e Projet vun enger stenge Bréck mat engem beweegleche Feld an d'Gespréich.

Schliisslech krut d'Entreprise De Verges & De la Vingtrie, déi nieft de Bridder Seguin déi Zäit eng vun den aktivste Gesellschaften am Bréckebau war, den Optrag fir eng Hänkbréck ze bauen.

En éischte kinneklechen Dekreet gouf den 2. Juni 1834 ënnerschriwwen. An deem war festgehale ginn, datt d'Héicht iwwer dem Héchststand vun der Dordogne sollt 27,5 Meter sinn. D'Auschreiwung war den 2. Abrëll 1835, an et war eng Konzessioun vu 27 Joer virgesinn. D'Maut war an dem selwechten Arrêté virgesinn a se war zimmlech héich, wéi een aus dem Tableau hei niewendru ka gesinn, wat awer bei der substantieller Zäiterspuernes logesch war. En zweeten Dekreet vum 5. Juni 1838 huet d'Héicht iwwer dem Waasser vum mëttelste Feld op 23 Meter festgeluecht. En huet och d'Pente vun den Opfaartsrampe festgeluecht. D'Käschte waren op 3 Millioune Frang geschat ginn.

Als Kuriositéit ass d'Fär z'ernimmen, déi virum Bréckebau de Passage iwwer d'Dordogne op där Plaz assuréiert huet. Et war e sougenannte Bac à manège, dee vun 1822 bis 1839 am Déngscht war. Déi Fär huet aus zwee Schëffer bestanen déi mateneen duerch eng Plattform vun 80 × 40 Fouss verbonne waren, an op där e Karussell ageriicht war, dat vun zwielef Päerd beweegt gouf. Iwwer e Gedriff gouf e Schauterad, dat tëscht den zwee Schëffer ubruecht war, ugedriwwen. Duerch dee Mecanissem war et méiglech gi fir eng Passage op 20 bis 30 Minutten ze reduzéieren. Et ass awer alt bei staarke Stréimunge virkomm, datt d'Pont mol 2 km flossop oder flossof op der anerer Säit ukoum.

Literatur änneren

  • Chaix, J. Traité des Ponts [Deuxième partie, Tome 2], Fanchon et Artus éditeurs, Paris (France), 1891; pp. 38–41.
  • Lemoine, Bertrand L'architecture du fer, Champ Vallon, Seyssel (France), ISBN 2903528713, 322; pp. 119–121.
  • Marrey, Bernard Les ponts modernes - 18e et 19e siècles (1ère édition), Picard Editeur, Paris (France), ISBN 2708404016, 1990; pp. 127–128.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bréck vu Cubzac (1836) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. - Actes de l'Académie des Sciences, Belles Lettres et des Arts de Bordeaux, Tome 38 - 1876 - p113-193.
  2. - Bulletin des lois - 1834 du 2/6/1834
  3. - Bulletin des lois - 1838 du 5/6/1838
  4. - Histoire de Libourne et des autres villes et bourgs de son arrondissement - 1845 - Raymond Guinodie par Henri Faye à Bordeaux, Tome 2 - p87.
  5. - Magasin Pittoresque - E. Charton à Paris, Tome 1841 - p406-408.