Eisebunnsbréck vu Cubzac
D'Eisebunnsbréck vu Cubzac iwwer d'Dordogne ass eng Bréck op der Streck Chartres-Bordeaux um PK 594,750 tëscht Cubzac-les-Ponts a Saint-Vincent-de-Paul am Departement Gironde.
D'Bréck gouf 1866 a Betrib geholl. De gréissten Deel ass e Fachwierkbau am Fer forgé. Se ass am Ganzen 2.178 Meter laang, 21,80 Meter breet an Haaptdrowäit ass 73,60 m.
Se besteet aus véier groussen Deeler:
- Eng Opfaart op d'Haaptbréck mat engem Fachwierkbau ënner dem Tablier vun 291 Meter.
- D'Haaptbréck iwwer d'Dordogne mat engem Fachwierkbau iwwer dem Tablier mat 562 Meter op siwe Pilieren.
- En Deel vu 600 Meter am Fachwierkbau ënner dem Tablier deen eng Kéier bilt.
- E gebauten Deel aus Hasteng vu 725 Meter mat 50 Béi, deen d'Fortsetzung vun der Kéier bilt.
Aarbechten un der Bréck
ännerenLiteratur
änneren- Lévi, Robert Le relevage et le sauvetage des ponts métalliques, dans "Travaux", décembre 1946, n. 146.
- Montens, Serge Les plus beaux ponts de France, Bonneton, Paris (France), ISBN 2862532754, 2001; pp. 98.
- Prade, Marcel Ponts et viaducs au XIXème siècle, Poitiers (France), 1988; pp. 285–287.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren
|