Boris Gelfand
De Boris Abramowitsch Gelfand, op Russesch Борис Абрамович Гельфанд, op Wäissrussesch Барыс Гельфанд Barys Helfand an op Hebräesch בוריס גלפנד, gebuer de 24. Juni 1968 zu Minsk, ass e fréiere wäissrussesche Schachgroussmeeschter, deen aktuell fir Israel spillt.
Boris Gelfand | |
---|---|
Gebuer |
24. Juni 1968 Minsk |
Nationalitéit | Israel, UdSSR, Wäissrussland |
Aktivitéit | Schachspiller, Saachbuchauteur |
Huet matgemaach bei | Schacholympiad 1990, Schacholympiad 1994, Schacholympiad 1996, Schacholympiad 2000, Schacholympiad 2002, Schacholympiad 2004, Schacholympiad 2006, Schacholympiad 2008, Schacholympiad 2010, Schacholympiad 2012, Schacholympiad 2014, Schacholympiad 2018 |
Aktuell Elo-Zuel | 2.658 (Abrëll 2024) |
Seng aktuell Elo-Zuel läit bei 2733 (Mee 2011) a seng maximal erreechte bei 2761 (Januar 2010)[1]; domat ass hien dee stäerksten israeelesche Schachspiller an ass op Plaz 16 vun der Weltranglëscht (Mee 2011)[2].
Um Spaweck
ännerenCommons: Boris Gelfand – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Boris Gelfand beim Weltschachbond FIDE (en)
- De Boris Gelfand op chessgames.com (en)