Boris Alexandrowitsch Woronzow-Weljaminow
De Boris Alexandrowitsch Woronzow-Weljaminow (Борис Александрович Воронцов-Вельяминов, englesch Schreifweis Vorontsov-Velyaminov), gebuer de 14. Februar 1904 zu Jekaterinoslaw, a gestuerwen de 27. Januar 1994 zu Moskau, war e sowjeteschen Astronom an Astrophysiker.
Boris Alexandrowitsch Woronzow-Weljaminow | |
---|---|
Gebuer |
14. Februar 1904 Dnipro |
Gestuerwen |
27. Januar 1994 Moskau |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich, UdSSR, Russland |
Aktivitéit | Astrophysiker, Astronom, Auteur |
Liewen a Wierk
ännerenOnofhängeg vum Robert Julius Trumpler entdeckt de Woronzow-Weljaminow d'Liichtabsorptioun duerch den interstellare Stëbs.
Hien hat en Atlas (Atlas of interacting galaxies) mat iwwer 800 ongewéinlechen, haaptsächlech Interaktiv Galaxien zesummegestallt, déi als Vorontsov-Velyaminov-Galaxië bekannt sinn a mat VV an enger Katalognummer bezeechent ginn.
Zesumme mat der Wera Petrowna Archipowa hat hien en ëmfangräiche morphologesche Galaxiëkatalog (Morphological Catalogue of Galaxies) mat ongeféier 30.000 Objeten opgestallt. Hien hat och Planetaresch Niwwelen ënnersicht a klassifizéiert.
Den Woronzow-Weljaminow ass och Auteur vun engem russeschen Astronomieléierbuch fir Héichschoulen.