De Boreas (gr. μπόρα, dee Nërdlechen) war an der griichescher Mythologie de Jong vum Astraios a vum Eos an ass zesumme mat senge Bridder Euros ("Südostwand"), Notos ("Südwand") an Zephyros ("Westwand") veréiert ginn.

De Boreas entféiert d'Oreithyia, Peter Paul Rubens, zirka 1620

Originn an Duerstellung änneren

De Boreas ass d'Personifikatioun vum raue Nordwand dee Keelt a Stierm mat sech bruecht huet. Hien ass meeschtens als ale Mann mat Flilléken, laangen Hoer a Baart duergestallt ginn. Der So no ass en aus dem Skytheland (vum ukrainesche Floss Borysthenes) komm, vun deem och säin Numm ofgeleet ass.

Mythos änneren

Am Mythos huet de Boreas déi mythesch, athenesch Kinneksduechter Oreithyia op Thrakien entfouert a si zu senger Fra gemaach, mat där en zwee Jongen, den Zetes a Kalaïs, déi sougenannt 'Boreaden, an zwee Meedercher kritt huet, dorënner och d'Chione, déi spéider d'Fra vum Phineus ginn ass, an där hir Kanner vum Phineus senger zweeter Fra geblent gi sinn. De Boreas huet doropshin d'Harpyie geschéckt fir dem Phineus säi Land ze verwüsten.

Wéi Athen vum persesche Kinnek Xerxes ugegraff ginn ass, huet d'Vollek de Boreas ugebiet hinnen ze hëllefen. Hien huet e staarke Wand geschéckt, an deem Honnerte vu persesche Schëffer an der Séischluecht bei Salamis (480 v. Chr.) ënnergaange sinn. Doduerch huet de Boreas och de Status vum Patréiner vun Athen kritt an ass an engem eegenen Tempel zu Athen veréiert ginn.

Ausserdeem soll de Boreas a Gestalt vun engem Päerd Papp iwwer zwielef Fille gi sinn, vun deene gesot ginn ass si kéinten iwwer e Feld lafen ouni en Hallem ze knécken.

Verschiddenes änneren

  • Den Herodot an de Plinius beschreiwen alle béid d'Land Hyperborea ("déi Säit vum Nordwand"), an deem d'Mënsche bis an den héijen Alter am Gléck liewen.
  • E Relief um "Tuerm vu de Wanden" (Horologium vum Andronikos) zu Athen weist op der Nordsäit de Boreas als ale Mann mat Flilleken an Äiszapen am Baart, deen en äisege Wand duerch eng gedréit Muschelschuel bléist.

Analogien änneren

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Boreas – Biller, Videoen oder Audiodateien