Bonzelsbierg

Bierghank zu Veianen

De Bonzelsbierg ass e Bëschhank am Norde vu Veianen. E läit laanscht den Dall vun der Our, op der rietser Säit, vum ënneschte Baseng vum Pompelspäicherwierk.

Bonzelsbierg
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Plaz Veianen
Koordinaten 49°56'38,9"N, 6°12'2,3"O
Struktur Bierghang
Fläch 13 ha
Basisschicht Stolzebuerger Schifer (E1a)
Ieweschte Siegenium (Sg3)

Seng Héicht geet vun 260 Meter um Niveau vum Waasser vum Stauséi bis op 322 Meter um Wee dee bei d'Bildche féiert. En ass ronn 1.000 Meter laang, op der hallwer Héicht gemooss.

Am Süden ass säin Ufank ongeféier, op der Plaz wou d'Staumauer steet, an an en zitt sech dann no Norde bis op déi Plaz wou déi zweet elektresch Zentral vum Pompelspäicherwierk steet, a stéisst do un de Biergerbësch.

Op der Kopp stéisst en un de Schënnbierg, d'Porbrätchen, an den nërdlechen Deel vum Millebierg.

De Bonzelsbierg huet eng Fläch vun ongeféier 13 ha.