De Blue Train (lëtz: Bloen Zuch) ass e Luxuszug a Südafrika. E verkéiert tëscht Pretoria a Kapstad an tëscht Kapstad a Port Elizabeth. Ausserfahrplangméisseg zirkuléiert en och nach vu Pretoria op Hoedspruit a bei d'Viktoriafäll. De Bloen Zuch zielt zu den aussergewéinlechste Luxuszich vun der Welt. Et gëtt richteg Appartementer mat Salon, Buedzëmmer a Schlofraum.

Billjee fir de Bloen Zuch

De Bloen Zuch ass fir d'éischt 1923 als Union Limited tëscht Johannesburg a Kapstad agesat ginn, fir den Uschloss un d'Luxus-Schëffer, déi vun do a Richtung England gefuer sinn, z'erliichteren. Am Abrëll 1939 huet hie säin Numm vun haut kritt.

Literatur änneren

  • Farren, Jonathan; Mallet,Jean-François; Grilly, Bernard: Legendäre Luxuszüge,Traumreisen rund um die Welt, mat Fotoen, Knesebeck-Verlag (2005), 176 S.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren