Bernoulli (Moundkrater)


De Bernoulli ass en Aschlagkrater am nordëstleche Quadrant vum Äerdmound. Hie läit südlech vum Moundkrater Messala an ëstlech vum Krater Geminus.

Bernoulli
De Moundkrater Bernoulli, opgeholl vun Lunar Orbiter 4
Koordinaten 34°55'48"N, 60°36'36"O
Duerchmiesser 47 km
Déift 4000 m
Selenographesch Längt 300° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ06

De Rand vum Bernoulli ass bis op liicht Abuchte laanscht den Ëmfang bal kreesfërmeg. An der südlecher Kratermauer existéiert eng Däll, déi op eng dräieck Bucht vum Kraterrand féiert. De Kraterrand ass op der Ostsäit am héchsten a geet do bis op 4000 Meter erop. An der Mëtt vum Kraterbuedem ass en Zentralbierg.

Niewekrateren änneren

Bernoulli Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
A 36.4° N 60.9° O 22 km
B 36.9° N 65.6° O 22 km
C 35.3° N 67.2° O 19 km
D 35.7° N 66.5° O 12 km
E 35.3° N 63.0° O 26 km
K 36.7° N 62.7° O 20 km

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren