Bernhard vom Brocke

däitschen Historiker

De Bernhard vom Brocke, gebuer den 3. September 1939 zu Wuppertal, ass en däitschen Historiker.

Bernhard vom Brocke
Gebuer 3. September 1939
Wuppertal
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Historiker, Universitéitsprofesser
Partei Sozialdemokratesch Partei vun Däitschland
Member vun Leibnitz-Gesellschaft

De vom Brocke huet Geschicht, Evangeelesch Theologie a Sozialwëssenschafte studéiert op den Universitéiten zu Göttingen, Hamburg an op der Freie Universitéit Berlin. Nodeem hien zu Hamburg 1966 säi Staatsexame gemaach hat fir den Enseignement a Gymnasien an 1969 beim Gerhard Oestreich fir den Dr. phil. promovéiert hat, war de vom Brocke vun 1967 bis 1971 Wëssenschaftlechen Assistent, duerno Universitéits-Dozent an nach méi spéit Professer fir Neuere Geschichte op Zäit um Seminar für Neuere Geschichte op der Philipps-Universität Marburg vun 1972 bis 1980.

De Carl-von-Ossietzky-Präis für Zeitgeschichte und Politik krut de vom Brocke 1986 vun der Stad Oldenburg. Dobäi huet de Lew Kopolew d'Laudatio gehalen.

De vom Brocke ass den Editeur vum Buch Sombarts "Moderner Kapitalismus". Materialien zur Kritik und Rezeption, dat am Mee 1987 als Originaleditioun beim dtv erauskoum a fir dat hien eng Aféierung geschriwwen huet.