Den Bernhard Rudolf Sticker, gebuer den 2. August 1906 zu Berlin, a gestuerwen den 30. August 1977 zu Hamburg, war en däitschen Astronom a Wëssenschaftshistoriker.

Bernhard Sticker
Gebuer 2. August 1906
Berlin
Gestuerwen 30. August 1977
Hamburg
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser

De Sticker war Assistent vum Arnold Kohlschütter vun 1928 bis 1945 am Universitéitsobservatoire Bonn. 1938 huet hien zu Bonn promovéiert, 1939 huet hie sech habilitéiert, an 1953 gouf hien ausserplangméissege Professer zu Bonn. 1955 huet hien eng Habilitatioun an der Geschicht vun den Naturwëssenschafte gemaach, a gouf 1960 Professer an Direkter vum nei gegrënnten Institut fir Geschicht vun den Naturwëssenschaften op der Universitéit Hamburg, dat op seng Initiativ an déi vum Hans Schimank (1888–1979), gegrënnt gouf.

Hie war zesumme mat dem Heribert Nobis, Editeur vun enger kritescher (laténgescher) Editioun vum Kopernikus mat dem Haaptwierk De revolutionibus. Fir d'Enzyklopädie der mathematischen Wissenschaften huet hie mat dem Josef Hopmann den Artikel Astronomische Kolorimetrie verfaasst.

Literatur änneren

  • Fritz Krafft, Noruf, Nachrichtenblatt der Deutschen Gesellschaft für Geschichte der Naturwissenschaft, Medizin und Technik, Bd.2, 1977, S.41 und Sudhoffs Archiv Bd.61, 1977

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie