Bernard J. Cigrand

US-amerikaneschen Zänndokter


De Bernard J. Cigrand gebuer den 1. Oktober 1866 zu Waubeka am Wisconsin a gestuerwen de 16. Mee 1932, war en US-amerikaneschen Zänndokter an Universitéitsprofesser op der Fakultéit fir Zänndokteren vun der Universitéit vun Illinois zu Chicago.

Bernard J. Cigrand
Gebuer 1. Oktober 1866
Gestuerwen 16. Mee 1932
Nationalitéit USA
Aktivitéit Zänndokter

Hie gouf als Jong vu lëtzebuergeschen Eltere gebuer, déi zéng Joer viru senger Gebuert vu Lëtzebuerg an Amerika ausgewandert waren.

Säi Papp war den Nicolas Cigrand (1831-1921), Schmadd vu Buerglënster, seng Mamm d'Susanne Schmidt (1839- 1931) vu Menster. De Bernard J. hat eng Zänndokteschpraxis zu Chicago an huet och um College of Dentistery vun der Chicagoer Universitéit vun Illinois dozéiert. Vun 1903 bis 1906 war hien hiren Dekan.

Iwwer d'Grenze vun den USA eraus ass hien als groussen amerikanesche Patriot bekannt ginn. Hie gëtt als Papp vum Fuendelsdag dem sougenannte Flag day ugekuckt, a gëtt an där Qualitéit och gefeiert.

Hien huet nämlech op ville Plaze Konferenzen iwwer de Patriotissem an den amerikanesche Fändel gehalen, an och Publikatiounen doriwwer verëffentlecht. Hien ass dofir agetratt, dat e Fuendelsdag als e nationale Feierdag agefouert soll ginn. Dat ass och 1916 ënner dem President Woodrow Wilson geschitt, an ass 1949 vum President Harry S. Truman gesetzlech confirméiert ginn.

De 14. Juni 2017 gouf zu Buerglënster virum Gebuertshaus vu sengem Papp eng Büst vum Bernard J. Cigrand ageweit[1]. D'Büst, déi vum Georges Calteux entworf gouf, stoung virdrun am Haff vum Buerglënster Schlass. Nodeem d'Cigrand-Haus, dat nach engem am Besëtz vun der Famill ass, restauréiert gouf, ass d'Büst dohin deplacéiert an nei ageweit ginn.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Die Büste von B. Cigrand findet ihren Platz vor dem Elternhaus seiner Vorfahren op mywort.lu, och am Luxemburger Wort vum 9. Juni 2017 Archivéiert op 2017-07-22. Gekuckt de(n) 2017-06-14.