Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Zänndokter ass eng Persoun, déi am Gesondheetsberäich schafft an op d'Preventioun, d'Diagnos an d'Behandlung vun Erkrankunge vun den Zänn, vum Mond a vum Kifer spezialiséiert ass. E gëtt bei senger Aarbecht dacks vun engem oder méi Assistenten ënnerstëtzt.

Zwou Zänndoktesche mat Patient an enger Praxis

Zänndokter ass e reglementéierte Beruff (zu Lëtzebuerg offiziell: Médecin-dentiste).

2012 goufen et zu Lëtzebuerg iwwer 400 Zänndokteren.[1] Hire Beruffsverband ass de Cercle des Médecins-Dentistes, deen Deel vun der Association des médecins et médecins-dentistes (AMMD) ass.[2],[3]

Patréinesch

änneren
 
D'Apollonia mat enger Zänndokteschzang.

D'Apollonia vun Alexandria, op Lëtzebuergesch och hellegt Plunni genannt, ass den Zänndokteren hir Patréinesch.[4]

Um Spaweck

änneren
Commons: Zänndokteren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. L'essentiel (online): Les médecins continuent à venir au Luxembourg (18. August 2014)
  2. paperjam.lu: Association des Médecins et Médecins-Dentistes du Grand-Duché de Luxembourg
  3. ammd.lu: Sociétés & Cercles
  4. donaukurier.de: Die Schutzheilige der Zahnärzte (7. Februar 2020)