Moie Wwikix,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Instelstaaten

änneren

Moien,

Mir wollten d'Inselstaate vun Unfank un als alphabetesch Kategorie vun deene Staten do stoen hunn. Wat stéiert Iech dodrun. ?? --Les Meloures (Diskussioun) 16:27, 19. Feb. 2019 (UTC)Äntweren

Kategorie:Länner an der Karibik => Kategorie:Inselstaaten Wwikix (Diskussioun) 16:30, 19. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Dat hunn ech gesinn. Awer dat ass keng Äntwert op meng Fro.! --Les Meloures (Diskussioun) 17:34, 19. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Steet schon uginn. Wwikix (Diskussioun) 17:44, 19. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Wat steet schonn uginn??? --Les Meloures (Diskussioun) 17:47, 19. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Kategorie:Länner an der Karibik => Kategorie:Inselstaaten. Wwikix (Diskussioun) 17:48, 19. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Ech hunn Iech eng Fro gestallt op déi ech gär eng Äntwert hätt oder verstitt dir d'Fro net net. --Les Meloures (Diskussioun) 17:50, 19. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Ech wäert se erëm zouloossen. Wwikix (Diskussioun) 10:37, 20. Feb. 2019 (UTC)Äntweren

Kategorie:Natierlech Géigenden

änneren
A wat stéiert Iech un der Kategorie : Natierlech Géigenden ???? --Les Meloures (Diskussioun) 17:34, 19. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Kategorie:Natierlech Géigenden => Kategorie:Géigenden. Wwikix (Diskussioun) 17:39, 19. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Dat ass och keng Äntwert op meng Fro !! Wann ech keng Äntwert kréien dann denken ech sou loues drun, fir mol en kleng Spär anzeleeën. ! --Les Meloures (Diskussioun) 17:42, 19. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Et ass onnéideg. Wwikix (Diskussioun) 17:44, 19. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Wat ass onnéideg ??? Wëllt der mech fir domm halen oder bréngt dir et net fäerdeg fir eng uerdentlech Äntwert ze ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 17:48, 19. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Kategorie:Géigenden genuch ass. Wwikix (Diskussioun) 17:52, 19. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
An dat decidéiert Dir einfach esou. Ass Iech net an d'Kopp komm, datt et verschidden Zorte vu Géigende ka ginn, administrativer, historescher, natierlecher a.s.w. ??? --Les Meloures (Diskussioun) 17:57, 19. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Gutt sinn. Wwikix (Diskussioun) 10:42, 20. Feb. 2019 (UTC)Äntweren

Koordinaten

änneren

De coord dms uewen bleift iwwer dem Artikel stoen. --Les Meloures (Diskussioun) 17:57, 19. Feb. 2019 (UTC)Äntweren

Net méi héich. Wwikix (Diskussioun) 17:59, 19. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Wat heescht net méi héich ????? --Les Meloures (Diskussioun) 18:00, 19. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Am Fall vun der Säit. Wwikix (Diskussioun) 11:03, 20. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
A wat soll dat dann lo heeschen. --Les Meloures (Diskussioun) 11:11, 20. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Keng eidel Plaz méi héich. Wwikix (Diskussioun) 11:12, 20. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Keng eidel Plaz méi héich. Wwikix (Diskussioun) 11:12, 20. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Wat ass mat der eideler Plaz méi héich. Wat stéiert Iech dodrun. Déi gëtt et an all Wiki. Oder wëllt Dir lo iwwer eppes bestëmmen wat vun der Wikipediacommunautéit decidéiert gouf a lo scho jorelaang sou funktionnéiert. Wann dir do eppes ännere wëllt da frot dat mat enger Motivatioun um Stamminet. --Les Meloures (Diskussioun) 11:27, 20. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Et war nëmmen eng Empfehlung. Wwikix (Diskussioun) 11:29, 20. Feb. 2019 (UTC)Äntweren
Ok, da sinn ech sécher blann. Ech hat et nämlech als Ännerung gesinn. --Les Meloures (Diskussioun) 11:39, 20. Feb. 2019 (UTC)Äntweren

Meloures, et ass dach blatant datt den User wwikivx kee Lëtzebuergesch versteet, villäicht versichst du et mat Englesch??? 85.94.240.87 11:15, 20. Feb. 2019 (UTC)Äntweren

Oder vläicht mat Japansesch oder Russesch. Kéint hien eis dann net vläicht soen a waterenger Sprooch mir solle mat him schwätzen da kéinte mir him och soen water Topereien hie soll op der Säit loossen --Les Meloures (Diskussioun) 11:27, 20. Feb. 2019 (UTC)Äntweren