Bild:Hubert Schumacher.jpg änneren

 Du hues d'Foto eropgelueden awer net uginn, ween den Auteur dervun ass oder vu wou's de dës Foto hirhues. Doduerch ass d'GFDL-Lizenz, déi's de uginn hues, zimmlech zweifelhaft. Verbesser dat w.e.gl. oder d'Foto muss erëm geläscht ginn.
--Pecalux 10:13, 24. Aug. 2008 (UTC)Äntweren

  • Moien, ech hun déi Foto ongeféier virun engem Mound beim däitschen Wikipedia eropgelueden fir se do a mengem Artikel " Hubert Schumacher " ze benotzen. Ech war der Meenung ech hätt se am Common stoen, fannen se do awer nët méi ërem ! Duerfir wollt ech se hei nach eng Kéier eroplueden, well ech mäin däitschen Beitrag (iwer mäi Papp) op lëtzebuergesch iwersaat hun, an en hei wëll erastellen. Meng Iwersetzung ass esou gudd ewéi färdeg.

Ech huelen un dass et sech ëm eng Passfoto handelt déi ~1950 - 1960 vun engem professionelle Fotograf, am Opdrag vum Här Schumacher selwer, geknipst gouf. Den Auteur (Fotograf) spillt an deem Fall keng Roll. D'Rechter vun der Foto leie bei den Ierwen, also der Famill. Ech géif da proposéieren fir dës Donneeën beim Bild eropzelueden:

Source: Privatarchiv, mat Autorisatioun vun der Famill Schumacher.
Lizenz: (GFDL ass dat einfachst. Kuck der awer léiwer fir d'éischt d'Säit Wikipedia:Billerrechter an Wikipedia:Lizenzschabloune fir Biller un).

Du kanns natierlech och d'Bild direkt op http://commons.wikimedia.org/wiki/Commons:Upload eroplueden. Da steet et der ganzer Wiki-Welt zur Verfügung.
--Pecalux 15:18, 24. Aug. 2008 (UTC)Äntweren

Merci. Daat lescht hun ech gemaach a muss elo op d'Konfirmatioun waarden, dass d'Bild autoriséiert gin ass, oder wéi muss ech viirgoen ?--Wikischuf 12:09, 25. Aug. 2008 (UTC)Äntweren

Moie Wikischuf,
du hues alles richteg gemaach. Et ass elo alles an der Rei an du brauchs och net op eng Konfirmatioun ze waarden. --Pecalux 16:18, 25. Aug. 2008 (UTC)Äntweren

Moie Pecalux, villmools merci fir deng wertvoll Hëllef.
Ech hun mäin Artikel agestallt, muss awer nach un den interne Linke schaffen,
déi fonktionéieren nach nët ësou wéi a mengem däitschen Artikel!
--Wikischuf 16:52, 25. Aug. 2008 (UTC).Äntweren

Nach een Tipp: Wanns de net wëlls dass een aneren an däin Artikel fummele geet soulaang wéi's du nach dru schaffs, da setz an déi éischt Zeil vum Artikel den Text EnCours, awer tëscht duebel geschweifte Klameren ( {{EnCours}} ) . --Pecalux 17:08, 25. Aug. 2008 (UTC)Äntweren

Merci fir den Tipp !--Wikischuf 17:25, 25. Aug. 2008 (UTC)Äntweren

OK, ech hunn den "Enours" am Artkel "Hubert Schumacher" gesinn a ginn elo net méi dru fréckelen.--Fliedermaus 17:46, 25. Aug. 2008 (UTC)Äntweren

Ech hun den "ENCOURS" ëwechgeholl : ech frée mech op all Beitrag, Verbesserung oder Suggestioun ......!!!
--Wikischuf 17:58, 25. Aug. 2008 (UTC)Äntweren

Moien,

Wier et méiglech fir mol e Bléck op d'Säit Diskussioun:Hubert Schumacher ze werfen an eventuell eng Bemierkung dozou ze maachen ? --Fliedermaus 08:45, 26. Aug. 2008 (UTC)Äntweren