--Cornischong 15:38, 25 Juli 2005 (UTC)

vill Courage änneren

du gess dech do awer un Saachen drun...Turingmaschin etc. Den Artikel iwwert Informatioun ass interessant awwr bossegt Lëtzebuergesch. Schreif emol eppes iwwert dech op deng User-Säit. bis dann Marcus 20:07, 27 Juli 2005 (UTC)

Ma da sinn ech emol gespaant änneren

Dat war eng famous Iddi fir dem Turing seng Maschinn op Lëtzebuergesch ze beschreiwen. En Artikel iwwer den Turing feelt eis och nach. Ech weess, ech weess, ech sinn e bëssen ongedëlleg .. --Cornischong 23:26, 27 Juli 2005 (UTC)

Si selwer gespaant, wéi gutt ech et hi kréien --Tomateus 07:07, 28 Juli 2005 (UTC)

Moien. Dat ass ee vun deene Wierder, déi mär iwwerhaapt net am Lëtzebuergeschen hunn, aus dem Engleschen iwwerholl hunn, an dofir och déi englesch Schreifweis gebrauchen. Du kann salso roueg "de Server; Serveren" huelen. --Cornischong 07:24, 4 August 2005 (UTC)

En Dënschdeg, den 9. August 2005 steet am Restaurant "Sieweburen" (am Rollengergronn) um 19.30 owes op engem Dësch e "knallgiele" DIN A4 Kartong mat dem Wikipedia-Logo a mam Wuert "Wikipedia" drop. Deen Dësch ass et. Lo missten se all "do" sinn. --Cornischong 11:19, 6 August 2005 (UTC)

Chipsaz änneren

Gudde Mëtteg. Ass mäin Iwwersetzunggedeessems beim "Chipsaz" moralesch ze vertrieden? A stëmmt iwwerhaapt alles? Iwwerlies dat léiwer mol eng Kéier kritesch. Merci. --Cornischong 17:31, 16 August 2005 (UTC)

Beefort änneren

E schéine Gudden. Kuck wanns de wëlls beim ernmuhl op senger Diskussiounssäit: Deen hat mech haut schonns gefrot, wéi et mat den Uertschaftsnimm ass. Et ass schonn eng Plo. De Josy Braun an déi "offiziell Schreifweis soe kloer Beefort! --Cornischong 10:38, 19 August 2005 (UTC)

Kierchentabell änneren

Salu,

Leider huet d'Verbesserung näischt bruet. D'Rumm em Tabell verschwënnt beim Scrollen nach ërem, awer net ëmmer.

Johnny Chicago 10:18, 29 August 2005 (UTC)

Bei der Glaciskapell a bei der Belairer Kierch verschwënnt bei mär d'Rumm bei Scrollen NET méi! A wéi dann dat???? --Cornischong 11:56, 29 August 2005 (UTC)

Gett e kee "geheime Code" den net eng ganz Zeil blanc afügt, esou eppes ewéi e LaTeX -strut? –Marcus 12:12, 29 August 2005 (UTC)

ech mengen du muss den Inhalt an en neien Artikel mam richtegen Titel kopéieren an en Admin froen fir de falschen ze lëschen (drop hiweisen datt den Inhalt gereckelt gouf)--Marcus 17:21, 6 September 2005 (UTC)

Wann een et nach ni gemaach huet, kann et engem scho komesch virkommen. Et geet ëm de Reider "réckelen" (uewen). Du drécks op réckelen an da kënnt eng Säit, an déi s de deen neie richtege Numm agëss. --Cornischong 17:30, 6 September 2005 (UTC)


Titelännerung änneren

Einfach op de Reider "réckelen" (uewen op der Säit) drécken, neien Titel a Grond fir d'Ännerung aginn an dann ass den Titel geännert. --[[User:Otets|Otets 17:27, 6 September 2005 (UTC)

Moien. Ech kommen nach haut drop zréck. (Sinn e bëssen am Drock):-) --Cornischong 09:51, 1 Oktober 2005 (UTC)

Schéimerech änneren

waat as dat dann?? --Marcus 10:04, 1 Oktober 2005 (UTC)

Ech mësche mech och emol dran. Op Schéimerech steet déi al Parkierch vun e puer Uerschaften. Haut ass et just nach eng Morgue. De Kierfecht ass ronderëm dat Gebai. Fotoe sinn op Lager. --Cornischong 11:53, 1 Oktober 2005 (UTC)

Op deng Fro hunn ech der op menger Diskussiounssäit g'äntwert. --Cornischong 13:13, 1 Oktober 2005 (UTC)

Galileo änneren

Ech hunn der. Eng vu baussen an eng vu bannen. Wat mech géing arrangéieren: Ech hu vun de Wercollier-Skulpturen (am Kräizgank) Fotoen; ech weess awer net, wéi se heeschen. Wann ech se erasetzen, kanns du da kucke wéi déi heeschen? --Cornischong 07:37, 26 Oktober 2005 (UTC)

Ech liesen do vun der elektrescher Anlag. Maach dovun awer onbedéngt Fotoen, well dat Thema ass jo aus allerhand (!!) Grënn interessant!!! Maach den Artikel och roueg méi grouss, well dat ass richteg interessant. Ech war just eran-eraus, well ech déi schwaarz Madonna an der Kopp hat. Do sinn nach Themen, déi "do" sinn, awer nach net "hei". De Stand vun der ESA an nach Atelieren. De Festival-Kaleidoskop bitt jo usech vill Material fir eis kleng Sandkaul:-) --Cornischong 08:01, 26 Oktober 2005 (UTC)

O mei, lo war ech an de gespaarte Beräich geroden. 'tschëllegung:-)) --Cornischong 09:30, 22 Juli 2006 (UTC)

Ob ech nach eng Kéier op de Festival ginn, weess ech net richteg. Hunn ech eppes verpasst? Ech si mer net eens. E Freideg leeft jo de Wiki-Atelier, wann ech dat esou nennen däerf. Wat mengs du? --Cornischong 10:57, 26 Oktober 2005 (UTC)

War dat net villäicht e "gudden" Zäitpunkt fir den ASTRA Camion ze fotograféieren, mat allem Pipapo? A wéi ass et mat der Photovoltaikanlag vum Galileo? Sou flott kritt een dat net ëmmer um Sëlwerplättel.

Tjo, meng Fro zur Photovoltaikanlag mag emmerdant sinn, mee wéi mer sou lues mierken kritt d'Fro ëmmer méi Sënn:-)) Bleif um Ball. Mat mar? Bass du do? --Cornischong 16:18, 27 Oktober 2005 (UTC)

Jo. --Cornischong 07:05, 28 Oktober 2005 (UTC)

Jo, kee Problem änneren

Also, ech hun keen Problem domat wanns du mer zum Thema LAN helefs, ech haat souweisou welles na villes ze änneren dorun, waats du jo lo souweisou gema hues. Well wei ech den Artikel ungefang haat, do haat ech net mei vill Zeit. Mais lo hun ech der rem font, an hun neit Thema, an zwar Netzwierkkart, ungefang. Ech biedden dech do lo na neicht dran änneren ze goen, wanns de eps dorun net gut fens, oder et soll eps geännert gin, dann so mir bescheet, ech wier frou wanns de daat geifs maan, merci:)

P.S.: Ech hun och lo schon bessne ungefang zum Thema MAC-Adress ze schreiwen, wanns du do wells na eps beidroen, dann kanns de daat maan, gei just net an mein Text fummelen, ausser et as lo epes komplett falsch, doer et geif eps wirklech wichteges feelen. Merci:)

Genre d'Schreifweis? --[[User:Otets|Otets 09:50, 28 Oktober 2005 (UTC)

E Kuss fir de Bus änneren

All Respekt, deen Artikel ass sou lues grouss a staark. Mee dat bréngt mech zu enger Fro. Hei steet: "De Galileo Science Mobil ass deen zweete Bus vum Natur Musée ..": An deen éischten?? De --Cornischong 20:10, 29 Oktober 2005 (UTC), deen nees gär alles wéisst.

Onschaarf Fotoen änneren

Mäi Psychiater huet mer gesot, ech soll keng onschaarf Fotoe méi kucken, well ech dann ëmmer sou dronke ginn. Ech well net hei mat der Séissel dranhaen, awer onschaarf Fotoen a stackdäischter Biller sollen alleguer op den Tipp fléien. Am Mëttelalter goufen déi Fotografe geblennt. Ech kennen een, dee schaarf Atelier Fotoen huet, mat deem léisst sech e Wuert schwätzen:-) Ofgesinn dovunn, datt mer vum Semi-Wikipedia-Atelier net méi vill héieren hunn!! --Cornischong 09:27, 30 Oktober 2005 (UTC)

Ech kucken, wat sech maache léisst. :-)) --Cornischong 18:28, 30 Oktober 2005 (UTC)

Gudden Owend. Den Aibo huet an néng Wikien en eegenen Artikel (Luuss emol da nder däitscher ënner "Aibo".) Dofir wier et villäeicht besser, fir deem en eegenen Artikel ze verschafen. En ass ass jo net spezifesch fir de Galileo Bus. Wat mengs du? --Cornischong 20:57, 30 Oktober 2005 (UTC)

An de QRIO? Dat wier deen Eenzegen, deen nach feelt, oder hunn ech eppwe verschweesst? HUes de nach Fotoe vum Aibo, well op alle Fotoe (zuguer op deene vu SONY) gesäit een net, wéi grouss en ass. --Cornischong 21:13, 30 Oktober 2005 (UTC)

Déi däitsch Wiki huet en ënner "Qrio" (obwuel et QRIO ass) an hei déi "offiziell Websäit" (http://www.sony.net/SonyInfo/QRIO/top_nf.html). --Cornischong 21:21, 30 Oktober 2005 (UTC)

Ongedëlleg änneren

Wat, ongedëlleg!? An ech hu gemengt, ech wier hei den Ongedëllegen:-))
Ech wollt mech net virdrécken.
Zum Thema: Majo selbstverständlech soll deen Artikel ausgebaut ginn!!!! Wann et nëmmen u menge Billercher hänkt, da maache mer dat lo direkt an d'Rei. Ech fänken un, mat eroplueden; an da kucks de mol wou s de déi Fotoen ënnerkriss. ok? Also, lass

Biller a GFDL änneren

Ech sinn ee vun deene Wéinegen, déi nach ëmmer gesot hunn, se hätten dee WischiWaschi vun GFDL Konditiounen net verstan, well dat net ze verstoen ass. Wann ech eng Foto vu mär drasetzen, da kucken ech datt de presentabel ass. Ech hu genuch Fotoen vun aneren méi hell gemaach (zappendäischter Fotoe gëtt et der jo mat den Honnerten. Bei deeër heiten hunn ech mech gefrot, wat dat weidert Ophellen (oder war et en anerer Grond?) sollt bruecht hunn, de Roboter gëtt doduerch blatzeg, an ech wëll net obedéngt, datt iergendeen zu mär seet, ech hätt eng ausgeblatzte Foto an der Wiki. Wann Anerer hir hell genuch hätten, géif ech mech och schwéier hidden un deenen ze fummelen. Op jidde Fall muss bei der GFDL den Numm vum Fotograf ugi ginn! --Cornischong 12:36, 1 November 2005 (UTC)

Et ass alles an der Rei:-) Ech wollt dech net dronke maachen. --Cornischong 12:45, 1 November 2005 (UTC)

Gedéiesch änneren

Moien. De "phausis splendidula" oder Johanniswürmchen huet iwwer 20 Nimm op lëtz. Rondrëm d'Stad heescht en "Gehaansfénkelchen", huel am beschten deen. De Nachtfalter fannen ech u sech net, huel einfach "Nuetspäiperlek". --Cornischong 11:03, 4 November 2005 (UTC)

Mail do!!!!

Tabellen änneren

Déi Tabell déi s du fir den Artikel iwwer Tréier geholl hues kann een duerchaus dofir gebrauchen. Normalerweis ass se fir Groussstied vun iwwer 250.000 Awunner. Mee dat ass eng relativ Zuel, déi ee par rapport zum Rescht vum Land gesi muss. An anere Wierder, je no Land kann de Seuil och bäi 100.000 oder bäi 500.000 Awunner leien. Drënner kënnt d'Tabell vu "Le Locle" a Fro, déi fir Uertschafte vun iwwer 10.000 Awunner ass (och déi Zuel ass relativ). An nach drënner da guer keng Tabell méi (ausser eng Këscht speziell fir Uertschafte vun deem Land existéiert). --Otets♣ 11:59, 20 Dezember 2005 (UTC)

Tréier änneren

Jo, ech hat däi Message op der Diskussiounssäit gesi gehat. Mee eng Äntwert ass do net esou einfach, dofir hat ech mech zeréckgehalen. Am Prinzip gi keng Eegennimm mee just Beschreiwungsnimm iwwersat, ausser mer hätte schonn e spezielle lëtzebuergeschen Numm derfir. Op z.B. Kaiserthermen en Numm ass oder just eng Bezeechnung fir d'Therme vum Keeser gesäit een am Beschten, wann een op déi aner Wikie kucke geet, op déi et iwwersat hunn oder net. Leider ernimmen déi aner Wikien dat guer net, e Verglach ass also onméiglech. An op Lëtzebuergesch héiert een dacks, datt een d'Kaisertherme kucke war. Dat muss dofir nach net richteg sinn, mee mécht d'Saach och net grad méi einfach. De Cornischong huet sech och nach net zu Wuert gemellt. Ech géif emol soen, vu datt scho villes iwwersat gouf an dat gutt kléngt, schénge mer hei effektiv éischter einfach Beschreiwungsnimm ze hunn. A vir all Fall kann ee jo nach Redirecten ubidden. --Otets♣ 09:40, 23 Dezember 2005 (UTC)

Am Tréier-Artikel hätte se kéinten als "Kuckt och" bleiwen, da gesécih een, wat mär alles opweises hunn:-).
All Respekt vir d'Vullekatzereien. Deen Numm war mer net bekannt. --Cornischong 20:30, 23 Dezember 2005 (UTC)

Salut

Ech hun eng Foto vun der Porta Nigra, si ass awer net ganz gudd. E puer Fotoen vum Doum, vun der Mariekierch a vun der St Gangolfkierch, och nach eng oder déi aner vu verschiddenen Gebäier. Vun de réimesche Ruinen hun ech keng Fotoen. Wanns du der hues setz se roueg an d'Wiki . Léiwer e puer Fotoen ewéi nëmmen eng. Johnny Chicago 15:48, 24 Dezember 2005 (UTC)

Sou lo sinn ech och emol op. Wann s de Wierder hues, bei deenen der keng Iwwersetzung afält, dann notéier se mol op der Diskussiounssäit. Et wäert sech villäicht eng gutt Séil oder e Genie fannen. --Cornischong 12:04, 26 Dezember 2005 (UTC)

Gudden Owend. Ech hat mer dat och esou virgestallt, datt s de den Text roueg aus der de-Wiki kanns eriwwerhuelen. Ech hoffen, datt d'Foto vum Maartkräiz, dat ech aus der de-Wiki "iwwersat" hat, net ze hell geroden ass. Dem Stefan Kühn säi Bild an der däitsche Wiki ass vill ze däischter an ech hat et opgehellt. De Problem mat den däischtere Biller schéngt elo och eis Wiki erreecht ze hunn, wou neierdéngs och "Negeren am Tunnel" an d'Moud kommen. Wann ech dat Bild vum Deller gesinn, kréien ech de Kapp wéi. Vergläich mol eng Kéier eis Foto "Image:Trier Benediktinerabtei St Matthias 2.jpg" mam "Original". Ech fannen et gëtt ëmmer méi schlëmm. --Cornischong 17:48, 28 Dezember 2005 (UTC)

Ier et eriwwer ass: Spéit am Joer hunn ech nach d'Foto vun der Juddegaass eriwwergeholl, se getriwwelt a se an en Artikel agewéckelt. Du kanns dem Vollek nach eppes doriwwer zielen. Merci a bis dat anert Joer. --Cornischong 18:04, 31 Dezember 2005 (UTC)

Merci gläichfalls. Juddegaass oder Juddegässel. --Cornischong 18:26, 31 Dezember 2005 (UTC)

Ech si villäicht e bësse spéit u mat den "Thermen". Hätte mer net besser, mer nennen déi naass Dénger (wéi et am DLW steet) "Thermalbad / Thermalbieder"? --Cornischong 18:17, 2 Januar 2006 (UTC)

Moien. U lala. Deen eenzege Sprangbuer (zu Tréier), deen ech iwwerhaapt kennen, ass deen op der Maartplaz, an deen ass terribel schwéier ze "knipsen". Tjo, déi Plazennimm ass e grousse Problem; ech stinn hei zimmlech eleng do mat menger Opfaassung: Prinzipiell mengen ech, datt "alles" vun "properen Nimm" (noms propres:-)) soll am Original bleiwen. Domat sinn ech allerdéngs iwwerstëmmt. Ech weess net wat dee Brunnen do ass, mee et kënnt mer vir wéi wann et kéint e "Pëtz" sinn. (??) Da kéinte mer en "Hellege Georg-Pëtz" nennen!?! Ech weess, wéi schwéier s d'et an deeër Hinsiicht mat Tréier hues. Wann den Zinneke erëm ass, musse mer mol op dat Thema agoen. Mee, prinzipiell, léiwer mol "eppes" schreiwen, wat ee ka méi spéit änneren, wéi näischt. --Cornischong 09:58, 3 Januar 2006 (UTC)

Du hues 2 (!) Biller an der Këscht. --Cornischong 19:10, 4 Januar 2006 (UTC)

Template änneren

dat ass net schlecht, elo wir et just gutt wann den Text net esou no géif drukommen an déi néideg Kommande géifen am Template selwer stoen, ech zielen op dech --Marcus 10:26, 6 Januar 2006 (UTC)

Ech paken näischt mé un. --Cornischong 10:45, 6 Januar 2006 (UTC)

Moien. Lo hu mer jo mol e Ramplassang. Eng Woch halen ech et aus:-)) --Cornischong 10:09, 7 Januar 2006 (UTC)

Merci fir den Tuyau Tomateus, d'léiert een eben all Dag bäi ;-) Myriam 18:48, 7 Januar 2006 (UTC)

Redirect änneren

Salut Tomateus, hat ech versicht, mee am Preview kréien ech dann ugewissen:

1. REDIRECT (+ de link)

ass dat normal? Myriam 20:34, 8 Januar 2006 (UTC)

Funktionnéiert tip top, Merci Myriam 20:53, 8 Januar 2006 (UTC)

Muséen änneren

Moien. Alles mol an der Rei. Wann ee soll e bessere fannen, da mellt en sech. Niewebäi gesot: Eist Getréiers huet sech gutt gemaach:-) --Cornischong 12:46, 9 Januar 2006 (UTC)

Deen hei näischt verluer hunnende Partizip änneren

"Déi zur Weltierfschaft vun der UNESCO zielent Bréck": Mir hu KEE Partizip am Présent

Den däitschen 1. Partizip (oder Präsenspartizip, oder Mittelwort der Gegenwart) gëtt et bei eis NET.

   * Lafend Leit; dat sinn: "Leit, déi lafen".
   * Kräischend Kanner; dat sinn: "Kanner, déi kräischen".
   * Aus Asien (haut Indonesien) kommend hunn d'Aboriginies ..: dat sinn: ........ (aus dem Eis Schreifweis-Artikel). Ech weess, ech weess et muss d'Ëmfeld sinn:-))) --Cornischong 12:01, 10 Januar 2006 (UTC)

E schéine Gudden. Dat mat den Thermen misst Thermalbieder sinn. 't deet mer Leed, datt ech net éischter domat komm sinn, ech muss et verschweesst hunn. --Cornischong 15:43, 11 Januar 2006 (UTC)

Dach. Méchs du dat. Ech hale souwisou zimmlech vill op d'Originalnimm. --Cornischong 16:00, 11 Januar 2006 (UTC)

Léiwer dach hannendrun, well soss lafen eis nach anerer iwwer d'Féiss:-) --Cornischong 16:07, 11 Januar 2006 (UTC)

"Trierer Haaptmarkt": dat gëtt e bësse speziell:-)) --Cornischong 16:35, 11 Januar 2006 (UTC)

Mat "(Tréier)" hannendrun mécht et kee Sënn méi (mer linken net drop a kee Visiteur tippt deen "Tréier" tëscht Klamere mat). An ouni riskéiere mer datt eis nach anerer iwwert d'Féiss lafen. Eng quokeleg Affär! --Otets 18:27, 11 Januar 2006 (UTC)

Wéi schonns gesot, mat enger Léisung kann och ech net feelgoen. Mee wéinstens op de Problem hiweisen. Well wann ech am Ament no "Georgsbrunnen" sichen, da kréien ech vun der Wiki gesot, déi Säit géif et nach net ginn. Villäicht brauch eis intern Sichmaschinn nach e puer Deeg ier se eise Redirect referenzéiert huet. Wéinstens wier et ze hoffen, well e Redirect deen ee weder direkt nach indirekt fënnt dingt grad esouvill wéi guer keen. --Otets 11:16, 12 Januar 2006 (UTC)

Halli. Also:"Auwald" fannen ech emol net am "DUDEN Das große Wörterbuch der deutschen Sprache" (6 Bänn)!!! An net am DUDEN Universalwörterbuch! Just am DUDEN Die deutsche Rechtschreibung gëtt et ernimmt! (mat Auenwald). An am DLW steet et verwonnerlecherweis och net:-). Deet mer Leed. --Cornischong 11:10, 2 Februar 2006 (UTC)

an der de-wiki ass den Artikel effektiv Auwald genannt. Op englesch heescht esou e Biotop floodplain forest an op fr forêt des plaines alluviales oder méi kuerz forêt alluviale; ech proposéieren Flossdelltebësch (Schreifweis à voir: Treema ? doppel l ?) --Marcus 11:49, 2 Februar 2006 (UTC)

Do ware mer jo lo all ferm amgaang mat sichen ;-) Den däitsch-englesche Leo iwwersetzt Auwald englesch mat: "alluvial forest" oder "lowland forest", mee beim franséische muss en och passen. An am Harrap's hunn ech et och net fonnt. Och am englesche wiki kënnt ee mat "alluvial forest" net ganz wäit. Ech mengen da misste mer eis un de Marcus halen:-) Myriam 12:04, 2 Februar 2006 (UTC)

Merci dir dräi fir är Méi. --Tomateus 12:56, 2 Februar 2006 (UTC)

Ech hunn emol eng Foto eropgelueden "Zwin". Du kann s se direkt drasetzen, wann s d'awer eng besser hues, da gëtt s' "entsuergt". --Cornischong 16:38, 2 Februar 2006 (UTC)

Ech hunn nach eng Kéier de selwechte Problem bei: "Artemis streifte durch Wälder und Auen"; duerch Bëscher an ?? freet sech d'Myriam 12:34, 10 Februar 2006 (UTC)

Aarnescht änneren

Wéi sinn d'Aussiichte fir do Fotoen ze maachen? Däerf een, a kann een iwwerhaapt? Oder eng Iwwersiicht vun enger Kopp? En eegene Ballon kënne mer eis jo nach net leeschten. --Cornischong 09:39, 10 Februar 2006 (UTC)

gutt Aussichte fir Fotoen ze maachen, mee wichteg ass de richtegen Zäitpunkt wann de déi verschidde Planzen bléien, do kënne mer eis awer op den T. verloossen --Marcus 09:41, 10 Februar 2006 (UTC)

Sécherlech huet een Zougank zum Gebitt, do jo och ee Léierwee amenagéiert ginn ass. Ech mengen de Mount Mee misst ideal si fir Fotoen ze maachen. --Tomateus 09:45, 10 Februar 2006 (UTC)

"do kënne mer eis awer op den T. verloossen" - Ma dat wëlle mer wëssen! Als eenzege Naturolog op der Wiki muss den "T." sech dorëm këmmeren. --Cornischong 09:56, 10 Februar 2006 (UTC)

Naja, deen eenzechen Naturolog op der Wiki sinn ech net; do kennen ech awer nach een. Ech huelen awer gär déi Aufgab vum Naturgeflutschs un. --Tomateus 10:05, 10 Februar 2006 (UTC)

Merci:-) --Alexandra 09:25, 5 Mäerz 2006 (UTC)

Salut. Et ass gutt fir Millennimm bäizesetze, mee: Et wier vill méi praktesch fir en Artikel unzefänke mat engem zwee Sätz; soss kréie mer se net méi auserneegehalen. 1904 gouf et am Land (eleng bei de Broutmillen) 250 Stéck! Thillsmillen wäert et der eng hallef Dose gi sinn. Wa vu Réidenermille Rieds geet, kommen der e puer a Fro. Einfach mol eng Fro ;-/ --Cornischong 16:05, 5 Mäerz 2006 (UTC)

Mail--Marcus 16:29, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Gallerien änneren

Natierlech hu mir schéi Biller, an natierlech ginn déi gewisen. Do streiden ech jo mat kengem driwwer. Et geet mir einfach drëms dass wann den Artikel zwou Zeilen huet, awer 10 Biller vu 500px Breed, dass dat optesch einfach nëmme grujeleg ass. Ech hu menger Mamm elo grad den Artikel zu der Beetebuerger Kierch gewisen. Deen ass e gudd Beispill dofir. An ech hunn hier de Prinzip (sou wéi ech e verstinn) vun Timberen erkläert. Wikipedia ass keng Billerdatebank, egal wéi schéin d'Biller sinn, mee eng Artikeldatebank. Biller dingen der Illustratioun an net fir déi zwou Zeilen Text ze erdrécken. Ech hu meng Mamm wéi esou oft als Versuchskanéngche benotzt, well si keng Ahnung vu Wikipedia huet, an sou de perfekte Kandidat ass, fir ee "Friemen deen en Artikel gesäit". Si sot zum Beetebuerger Artikel "Ma do liesen ech den Text emol net, ech gesinn e jo knapps". Duerno soot si "Majo secher sinn déi Billercher do méi kleng, wann et mech intresséiert kann ech jo drop klicken an déi riisegrouss Versioun kucken. Mee den Artikel well ech liesen". An ech gesinn dat genee wéi si.

Ech hat dem Marcus scho geschriwwen, dass bei ville Kierchenartikelen d'Gallerien en Iwwergang sinn, soulaang wéi den Artikel aus 2 Zeile besteet. Sou weise mer dass mer Biller hunn, wou een duerch e simpelt drop klicken se och a Riiseversioun gesäit. Wann den Artikel bis Kapp a Schwanz huet, a méi Text wéi Biller do sinn, da sollen se och an den Artikel normal agesat ginn. Sou ass et jo net. Mee bis dohinner fannen ech net datt se explizit drastoe sollten. Do gesäit een den Text net méi. --Briséisβρισεισ 16:36, 22 Mäerz 2006 (UTC)


Naturschutzgebidder änneren

Wat giffs du dozou soen fir d'Naturschutzgebidder anzedeelen, z.B. déi Lëtzebuerg a Lëtzebuerger Naturschutzgebidder. Soss wann et der herno nach vill méi ginn och vun aner Plazen, hu mir déi wéinstens beineen. --Alexandra 08:30, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Jo, machen ech:-) --Alexandra 09:06, 29 Mäerz 2006 (UTC) ah sou ok, kee Problem, du kenns dech jo do besser aus. --Alexandra 09:28, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Mail do. --Cornischong 08:27, 4 Mee 2006 (UTC)

Biller läschen änneren

Ass gemeet:-) --Briséisβρισεισ 09:19, 19 Juli 2006 (UTC)

Merci fir d'Foto vum Haff:-) -- Myriam 14:01, 7 August 2006 (UTC)

Stauséi änneren

Mail do. Les Meloures 13:02, 8 August 2006 (UTC)

Barrage Esch -Sauer änneren

Salut Tom géi kuck emol: Misärsschléis Les Meloures 20:40, 10 August 2006 (UTC)

Jo ganz genau eng vun deen weinigen déi ech mol erëm fonnt hunn Les Meloures 07:36, 11 August 2006 (UTC)

Veianen änneren

Salut Tom,

deng Photo fontionnéiert nit an der Mëtt. Do gët awer irgend een Trick mat <float> fir dass daat gét. Op enger Seit vun den Hollänneschen Provenzen op englesch däitsch oder franséisch ech wees nit waatereng do fënnst de esou ee Beispill. Les Meloures 15:04, 11 August 2006 (UTC)

Veianen änneren

Salut Tom

Bei mär ass d'Bild mam lenksen Wutz ënner dem Tableau verstoppt a meng Fënster ass ganz op. Daat ass am Fong geholl de Problem bei mär Les Meloures 17:34, 12 August 2006 (UTC)

Michel Lentz 1800-1900 änneren

Merci Tonm ech mengen do haat ech mech vertippt Les Meloures 20:19, 12 August 2006 (UTC)

Kierchen am Kiischpelt änneren

Salut Tomateus. D'Fotoe si jo da wierklech ganz aktuell. Just Mäerkels an Alschent hunn duerno geännert. Zu Pënsch ass eng nei Heizung an de Buedem agebaut ginn, mee dat huet weider keng Inzidenz. --Pear 12:39, 13 August 2006 (UTC)

Kapell vu Lellgen änneren

Salut! Du hues natierlech Recht, dat ass Lellgen, mee ech krut den Numm vum Fichier net méi geännert. Wann s du weess wéi dat geet, kanns du dat w.e.g. maachen? Merci.

Eng aner Saach: virwat nenne mer di eng kierchlech Gebaier Kierch, an di aner Kapell? Eng Kapell am landleefege Sënn ass eng Wegkapelle, all aner Kapelle gi gemengerhand als Kierche betitelt. Streng geholl géif ech mengen datt et eng Kierch ass do wou (fréier) ee Paschtouer war a wat eng Parkierch ass, an eng Kapell do wou ee Kaploun (chapelain) war. Solle mer net einfach d'Kierchen all als Kierch betitelen, an als Kapell déi kleng Gebaier laanscht d'Stroossen? Mee ech fäerten, do renne mer nees ob de Stack sou wéi mat der Fro 'Wat ass een Duerf?' a wéi nenne mer dat, wat keen Duerf an awer och keng Stad ass? --Pear 16:23, 15 August 2006 (UTC)

Billergejäitz änneren

Halli. Ech hunn dat matkritt. All Respekt. E bësse Gedold, mäin ale Réck jäitzt och. --Cornischong 11:11, 17 September 2006 (UTC)

Wope vu Schieren ass op der Säit Les Meloures 18:55, 18 September 2006 (UTC)

Halli. An d'Foyer-Reklammsfilmer?!!! --Cornischong 16:00, 21 Oktober 2006 (UTC)

War et net d'Luxembourgoise? --Tomateus 16:02, 21 Oktober 2006 (UTC)

O freck, jo! --Cornischong 16:07, 21 Oktober 2006 (UTC)

Halli. Du schreifs op dem Helpi senger Diskussiounssäit " Kierch Béiwen-Atert, Kierch Huelmes a Wobiergkapell schonns gëtt". Ech fannen nëmmen eng eenzeg "Kierch Huelmes". --Cornischong 22:36, 26 Oktober 2006 (UTC)

Ass geklärt. --Cornischong 22:49, 26 Oktober 2006 (UTC)

Mail do. An: Raum mol dës Säit:-/ --Cornischong 18:28, 13 November 2006 (UTC)

Tim Bernes-Lee änneren

Salut Tomateus

Kuck emol do w.e.g. Talk:Tim Berners-Lee Les Meloures 12:47, 2 Dezember 2006 (UTC)

Image:PrenzebiergGieleBotter1.jpg + Image:PrenzebiergGieleBotter1.jpg änneren

Es gibt Probleme mit diesen Bildern. Ich wollte sie für den deutschen Artikel Giel Botter in die Commons übernehmen. Dabei habe ich bemerkt, daß die Lizenz fehlt und Du keine kommerzielle Nutzung gestattest. Das widerspricht der Wikipedia-Lizenzierung. Kannst Du das korrigieren? Grüße --84.177.6.74 01:44, 17 Mäerz 2007 (UTC) Eva K. auf de-wiki


Moien,

Dëst Bild Fichier:AarneschtVue2.jpg huet keng valabel Lizenz. Kanns de dat w.e.g. änneren, soss muss d'Bild geläscht ginn. Les Meloures 15:24, 15. Okt 2008 (UTC)


Bonjour,
Pendant mon expédition sur Wikipédia, je suis, comme d'autres, aussi tombé sur vos photos (par exemple Fichier:ManternacherFielsSir.jpg), mais malheureusement je ne peux pas les envoyer sur Commons et les classer parce que la licence est inexistante ou pas valable. C'est dommage, car elles pourraient être utiles à beaucoup de monde sur les autres wikis, et vous courrez aussi le risque de voir ces photos purement et simplement supprimées sur le wiki lb, ce qui voudrait dire que votre travail aura été pour rien ! Permettez-moi d'insister et de vous demander pourquoi vous ne faites rien. Car c'est à vous de placer la bonne licence sur vos photos... pour que les gnomes puissent faire leur travail. Merci de votre attention. — Bjung 03:53, 14. Sep. 2010 (UTC)Äntweren

May I kindly ask for your help? änneren

Dear Tomateus,

My name is Wojtek Czombik and I am an editor of Polish Wikipedia. As a participant of a "Degree Confluence Project" I would like to kindly request your help. I chose you from these users of Luxembourgish Wikipedia that are native speakers of Luxembourgish language. I would like to assure you that the matter is not-commercial in any way and that it is related both to Wikipedia and your country.

First let me make a short introduction:

There is a web project called "Degree Confluence Project" (http://www.confluence.org/). The idea is "to visit each of the latitude and longitude integer degree intersections in the world, and to take pictures at each location. The pictures, along with a narrative describing the adventures it took to get there are then posted on the web site. This creates an organized sampling of the world." (http://www.confluence.org/infodcp.php#goals). Of course, the exact points of intersections are located using GPS receivers.

I have been participating in the project since 2004 and it has brought me a lot of fun and let me visit many interesting places. So far I have visited more that 100 different "degree confluences" (that term stands for "the exact spot where an integer degree of latitude and an integer degree of longitude meet") – my visits are described at http://www.confluence.org/visitor.php?id=7411. In Polish Wikipedia I created an article about the Degree Confluence Project.

During my journey to Luxembourg in April I visited "the one and only" confluence point in your country 50N 06E (http://www.confluence.org/confluence.php?lat=50&lon=6), located near Wilwerwiltz-Enscherange and according to the project rules I have prepared a short narrative describing my way there. The narratives are usually in English, but as it was my first confluence visit in Luxembourg, I though it would be nice to provide a Luxembourgish version as well.

The narrative in the language of the host country I have already provided for my first visits in Germany, Czech Republic, the Netherlands, Italy, France, Slovakia, and Austria. Of course I don’t speak all these languages – I used to ask native speakers from those countries for the translation (some of them were editors of Wikipedia, too).

And now I have come with such a request to you:-) Would you please be so kind and translate the narrative from German or English into Luxemburgish? It is not very long – some 900 words. English, German, and Polish versions are available at http://wojtek_c.republika.pl/DCP/50N06E.htm. Of course, I can also send these texts in a file, but then I would need your e-mail address. My address is wojtek_c (at sign) op.pl, we may also communicate in Wikipedia – through the discussion page.

I am sorry for troubling you, but I don’t know personally anyone who would speak Luxemburgish. It came to my mind that a fellow-editor from Luxemburgish Wikipedia would perhaps agree to help me. I would really appreciate your help and would like to thank you very much for it in advance. But if it causes any problem - just let me know and forget about my request - it is nothing that important.

Once again - I am sorry for troubling you and thank you very much for your help. I hope you will not find my request too insolent...

Best regards,

Wojtek Czombik --Wojtek C 18:14, 30. Okt. 2010 (UTC)Äntweren