SchnucKi2009
|
Moien, är Ännerungen op Taina Bofferding goufen zréckgesat well dir domat korrekt Wikformatéierungen zestéiert hutt. Dir kënnt gären Ännerunge maachen, mä maacht dat wgl. ouni korrekt Standardformuléierungen ze zerstéieren. --Les Meloures (Diskussioun) 08:35, 20. Feb. 2020 (UTC)
Taina Bofferding
ännerenGudde Moien,
effektiv sinn ech néi op Wikipedia a ka mer virstellen dass et immens vill Aarbecht ass alles ze superviséieren an dat och nach fräiwëlleg.
Dofir wollt ech froe wei ech w.e.g. den Text vum Taina Bofferding änneren an aktualiséiere kann. Den Text sou wei en elo ass, ass net gutt an net gewenscht well en net uniform ass mat deennen anere Versiounen op anere Sproochen.
Ech géif och gär wessen wei ech déi Foto uploade kann, déi de ministère de l'Intérieur genau fir esou en Gebrauch an Optrag ginn huet, an ech dësen Optrag ausféiere well.
Merci villmools am Viraus
- Moien, wann dir eppes änneren an aktualiséiere wëllt kënnt dir dat gär maachen, mä maacht dat wgl., ouni dat, wat bis elo do steet ze zerstéieren well dat gewéinlech eng Standardformuléierung an -opbau ass déi bei all Artikel d'selwecht solle sinn.
- Dir sot: Den Text sou wei en elo ass, ass net gutt an net gewenscht
- Op den Text net gutt oder net gewënscht ass, dat ass just är Impressioun. (hei ka kee sech eppes wënschen) Wann eppes effektiv net gutt ass, (an Sënn vu falsch) da soll dat mat korrekten Donnéeë verbessert ginn.
- well en net uniform ass mat deennen anere Versiounen op anere Sproochen
- Keng Wikipedia huet Contraintë fir uniform mat anere Sproochversiounen ze sinn.
- Wat d'Eropluede vu Fotoen ugeet do kënnt Dir Informatiounen hei fannen. Mä déi wichtegst Reegel ass: Luet keng Biller erop déi dir net selwer gemaach hutt soss verstoust dir géint de Copyright. Sou Biller ginn direkt proposéiert fir geläscht ze ginn.
- Liest och wgl. de Begréissungstext mat sengen Informatiounen. Dat hëlleft Iech och sécher weider --Les Meloures (Diskussioun) 09:33, 20. Feb. 2020 (UTC)
Taina Bofferding
ännerenMerci fir Är Äntwerten,
ech schaffen an der Kommunikatioun fir den Inneministère, a vu que dass den Text iwwert d'Persoun vun der Ministesch handelt,
an ech den Optrag krut den Text ze ännere gesinn ech elo net Ären Interêt dorun dat net zouzeloossen, vu que dass ech un der direkter Quell setzen en korrekten Text ze publizéiere?
Wat d'Foto ugeet hunn ech selwer se net gemaach, mee de Ministère fir deen ech schaffen huet d'Foto bei en professionelle Fotograf an Optrag ginn a bezuelt, deen d'Rechter op des un eis ofginn huet.
"ouni dat, wat bis elo do steet ze zerstéieren well dat gewéinlech eng Standardformuléierung an -opbau ass déi bei all Artikel d'selwecht solle sinn"
Ech verstinn dest Argument net, well den Opbau inspireiert ass vum Etienne Schneider senger Wikipedia Séit an deemno also similär ass wei en aneren Artikel am selwechten Themeberäich op der selwechter Plattform.
Merci fir Är Hëllef.
- Remoien
- Da fuere mer lo mol einfach der Rei no: Gitt ons e Link op déi Fotoen fir datt mer gesinn ënner wat fir enger Lizenz se publizéiert goufen. Wann dat gemaach ass fure mer mat den Explicatioune weider. Merci am Viraus. --Les Meloures (Diskussioun) 10:29, 20. Feb. 2020 (UTC)
Taina Bofferding
ännerenEch hunn mer elo Instructiounen fir eroflueden vun engem Bild nach eng Keier duerchgelies, an do gett eng Lizenz verlangt. Ech hun dun mat der Fotografin telefoneiert, déi daat beruflech mescht an si huet mir erklärt dass et deen System mat Lizenzen deen an Deitschland zB üblech ass net benotzt gett. An een zu Letzebuerg d'Foto einfach un den Client verkeeft, deen dan domat kann machen waat en well. Soll ech Iech elo d'Rechnung schecken fir dass et méigleg ass? https://commons.wikimedia.org/wiki/File:Innenminsterin_Taina_Bofferding_.jpg
- Dat musst dir op commons regléieren, dofir gëtt et genee Instruktiounen do.
- A wa si hire Copyright verkaaft huet, dann huet lo en aneren deen (z.B: de Ministère). An deem Fall misst deen op de Copyright verzichten an d'Bild ënner enger fräier Lizenz publizéieren, fir datt d'Bild op commons ugeholl gëtt. --Les Meloures (Diskussioun) 11:00, 20. Feb. 2020 (UTC)