Moie Remoangelo,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


--Jwh (Diskussioun) 17:01, 19. Dez. 2013 (UTC)Äntweren

Billerlizenzen änneren

Nach eng Kéier Moien,

Merci fir d'Biller déi Dir eropgelueden hutt! Lo feelt awer just nach eng gülteg "fräi" Lizenz.

Wann Dir de Remo Raffaelli sidd, oder vun him d'Autorisatioun dofir hutt kënnt Dir déi Lizenz selwer derbä flécken, z.B. domat datt dir dëst ënner d'Beschreiwung setzt:

{{cc-by-sa-3.0-lu}}

Wann Dir net sollt eens gi gëtt Iech secher gären op dëser Säit weidergehollef.

Vill Spass

--Jwh (Diskussioun) 17:11, 19. Dez. 2013 (UTC)Äntweren

Merci fir d'Lizenzen, duerf ech awer nach e bëssen ze ploen:
Just bei dëser feelt nach d'Lizenz.
Dann hunn ech mir erlaabt d'Beschreiwung vum Fichier Fichier:Remo Raffaelli Foto 02.jpg a vum Fichier:Remo Raffaelli Foto 01.jpg e bëssen ze kompletéieren, sou datt se kënnen op Commons gesat ginn - et feelt awer nach den Datum vun den 2 Wierker. Et wier flott wann Dir dat bei den anere Biller och géift maachen - den Datum vum Wierk, eng Beschreiwung, huet d'Wierk en Titel, ass et en Ausschnëtt?
Villmools Merci! --Jwh (Diskussioun) 22:46, 19. Dez. 2013 (UTC)Äntweren
Ech hätt och nach eng Fro. Wéi eng Minière zu Rëmeleng weist är Foto, ass et bannen am Musée/Walert, oder wéi eng aner ass et? --Otets ♣ 09:34, 20. Dez. 2013 (UTC)Äntweren

Permission änneren

Dear Remoangelo

Would it be possible for you to send a formal permission to permissions-commons@wikimedia.org where you confirm that you are the copyright holder of the paintings, sculptures and photos you uploaded and that you agree to license the photos under the license "Creative Commons Nummnennung-Weidergab ënner de selwechte Bedingungen 3.0 Lëtzebuerg" (CC BY-SA 3.0 LU)?

You can find more help in https://lb.wikipedia.org/wiki/Schabloun:Di-no_permission in Luxembourgish.

If possible the mail should be send from an email address that can be associated with Remo Raffaelli.

Sorry for the extra work but it is important that we are sure that the copyright holder agrees to the license and knows and accept that works uploaded to Wikipedia under a free license can be used by everyone also outside Wikipedia and for commercial purposes. --MGA73 (Diskussioun) 16:56, 19. Okt. 2014 (UTC)Äntweren