Pitti
Moien Zinneke :) a Wikipedia
Ech entschëllege mech fir all d'"Verschlëmmbesserungen".
Well ech öfter op Wikipedia zeréckgräife wollt ech och emol eppes maachen. Den Ament schaffen ech am Domän vun der Santé an ech wollt am deem Beräich eppes bäidroen (Apdikt, Dokter, ...).
Vläicht och a punkto Biller, well ech och gär Fotoe maachen.
Op eng gutt Zesummenaarbecht!
Moie Pitti,
a merci fir däi Matschaffen um Artikel Éiter. Verbesserunge vun Tipp- oder Schreiffeeler sinn natierlech grondsätzlech hei gär gesinn. Allerdéngs mussen et och Verbesserunge sinn, a keng "Verschlëmmbesserungen". Ech hunn dofir deng Ännerungen nees réckgängeg misse maachen.
Kuck vläicht, iers De un d'Schreifweis vun Artikelen ännere gees, d'Säit zu der lëtzebuergescher Schreifweis un (Link hei drënner an der Begréissungskëscht), absënns déi zu der sougenannter Eifeler Reegel.
Op eng gutt Zesummenaarbecht!
--Zinneke 13:22, 11. Mäe. 2010 (UTC)
|
Gudden Owend,
Et wier vläicht net schlecht, wann Dir en Artikel op der Wikipedia nei uleet, dat e bësselche méi substantiell ze maachen.
Wann Dir selwer scho beim Uleeë vum Artikel d'Iwwerschaffeschabloun drasetzt, dann ass et besser der fänkt en net un.
Et ass leider esou datt mer eng Parti där Eesaz an Zweesätzartikelen doruechter stoen hunn, déi kee gutt Bild vun der lb:Wiki ofginn.
Dofir probéiere mer fir sou Saachen ze limitéieren, an à la longue, riskéieren déi Artikelen datt se geläscht ginn, wa se keng enziklopedesch Form an Inhalt kréien. Da war d'Uleeë souwisou e Vull fir d'Kaz.
Les Meloures 22:32, 12. Mäe. 2010 (UTC)
Moien :)
souwäit ech informéiert sinn, ass Roum och net an engem Dag gebaut ginn.
Ech verstinn awer och äert Mat-der-Scheierpaart-wénken :)
- Moien,
Artikelen zu "Dokter", "Apdikter" (a soss Beruffer aus dem Gesondheetsberäich) sinn natierlech wëllkomm a gär gesinn. Grad beim Dokter ("doctuer en médecine") wier et gutt, méi Prezisiounen ze bréngen, am Sënn vun: dass et e gesetzlech geschützten Titel ass, ween deen (zu Lëtzebuerg an an Europa) no wat fir enger Ausbildung droe kann, wat fir Spezialisatiounen et ginn, d'Roll vum Ordre des médecins (eegenen Artikel), hire Status (indépentant oder employé an engem Spidol, asw.), a, wann der ambiziéis wëllt sinn, d'Geschicht vum Dokteschberuff, asw.
Ech si gespaant wéi Roum virugebaut gërtt ;-) --Zinneke 10:08, 15. Mäe. 2010 (UTC)
Moien,
Kuck emol w.e.g. dës Diskussioun Les Meloures 10:30, 18. Mäe. 2010 (UTC)