Merci datt Dir op der Wikipedia experimentéiert hutt. Ären Test huet geklappt, an e gouf verbessert, zeréckgesat oder geläscht. Wgl. benotzt d'Sandkaul fir all weider Tester an Experimenter. Kuckt Iech och eis Begréissungssäit un, wann Dir méi wëllt gewuer ginn, wéi een hei matschafft.


Moie Laumesfeld,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


A Possen änneren

Moien Ekipp vum Musée,
Är Ännerunge goufen erausgeholl well s'op der falscher Plaz stoungen, a sou net an den Opbau vum Artikel gepasst hunn. Et ass virgesinn déi Infomatiounen ze verwäerten a s'op der richteger Plaz anzebauen, warscheinlech haut am Laf vum Dag.
Leider kann net alles an engem Dag gemaach ginn, mä wa Saachen an en Artikel gesat ginn, an dann op Plaze stinn, wou dat net passt, da ginn déi mol direkt erausgeholl oder verstoppt, an duerno gëtt probéiert fir déi Informatioun ze benotzen an op der richteger Plaz anzebauen. Dacks geet dat net ëmmer direkt.
Mat de Fotoe war et déi selwecht Ursaach, mä do hat Dir en plus, Fotoe vun anere Mataarbechter déi och gutt waren, einfach eliminéiert, fir Är an d'Plaz ze setzen. Dat si Manéieren déi sinn net gär gesinn.
PS: Nach eng zousätzlech Informatioun: Am Begréissungstext op dëser Säit steet och, wéi een e Message korrekt mécht. Dozou gehéiert eng Ënnerschëft wéi bei all Courrier, fir datt deejéinegen deen äntwere soll net nach laang muss rode wiem hien elo soll d'Äntwert schécken.

--Les Meloures (Diskussioun) 08:36, 21. Feb. 2019 (UTC)Äntweren

Gudde Mëtteg,

mir hunn gesinn, dass Dir d'Ännerungen nach net firgeholl hudd. Ass et eventuell méiglech dass mir méi enk zesummen schaffen fir den Artikel endlech op den neitsten Stand ze bréngen? Méi wéi d'halschend vun den Informatiounen am Artikel sinn veraalt an net méi richteg. Et géif eis als Musée, an denken och den Interessenten, hellëfen wann den Artikel iwwert déi richteg Informatiounen an Fotoen géif verfügen. Vlait kennen mer eis jo per Telefon oder via Email méi konkret an am Detail driwwer ennerhaalen? Merci fir eng Äntwert. MBG -- Laumesfeld

Déi Ännerungen déi dir bäigefléckt hat, sti lo am Artikel. Mir loossen ons net gär hetzen an alles ass fräiwëlleg hei.
Niewebäi bemierkt: d'Wikipedia ass kee Reklammsbliedchen an d'Cliente vun enger Organisatioun spillen hei keng Roll. Wann Dir eppes fir Är Cliente wëllt maachen da kënnt Dir dat besser op Ärer Websäit maache wéi hei. Oder däerft dir do déi Informatiounen déi lo op der Wikipedia stinn net drasetzen? Dat wier e bësselchen traureg. --217.136.109.21 16:56, 15. Mäe. 2019 (UTC)Äntweren

Kaaschtel änneren

Haut gett Prëssessioun vun der Kierch Altwis op de Kaaschtel.

Soll dat d'd'Aktualitéit vun haut de 5. Mee sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 08:58, 5. Mee 2020 (UTC)Äntweren