Gudde Moien,

Am Artikel Kiischpelter Cartoonale Steet schonns ee Strapp d'Schantjesschabloun dran. Gëtt déi nach gebraucht oder kënnen aner Leit un deem Artikel schaffen? Les Meloures 17:06, 20. Okt 2008 (UTC)

File permission problem with File:1994 Logo Cartoonale verklengert.jpg änneren

 

Merci, datt Der de Fichier Fichier:1994 Logo Cartoonale verklengert.jpg eropgelueden hutt. Ech hu gesinn datt Der dem Fichier zwar eng valabel Lizenz gitt hutt, mee et feelt em nach e Beweis, datt den Auteur dovunner och mat där Lizenz averstanen ass.

Wann Dir dëst Bild/dëse Video/dëst Toundokument komplett selwer geschafen hutt, mee et virdrun schonns anwousch anescht (besonnesch Online) publizéiert hutt, misst Der:

  • um Site, wou et fir d'éischt publizéiert gouf, eng Notiz bäisetzen, datt et erlaabt ass (esou wéi hei) d'Bild ënner CC-BY-SA-Lizenz oder soss enger akzeptabeler fräier Lizenz weiderzegebrauchen (kuckt dës Lëscht); oder
  • eng E-mail schécken, déi mat deem Site, wou de Fichier als éischt publizéiert gouf, am Zesummenhang steet, an zwar un permissions-commons@wikimedia.org (Note: Gitt an där Mail e Link op de Fichier um Site esou wéi och deem hei op Wikipedia un (datt ee Benevolë vun OTRS dat einfach iwwerpréife kann), a confirméiert, datt Dir den Auteur vun deem Material sidd, an datt Der et ënner der genannter fräier Lizenz wëllt publizéieren. Dir kënnt hei oder hei e Beispillsbréif vun ensou enger Erlabnes fannen. Wann Der dat maacht, setzt dësen Text: {{OTRS pending}} op d'Beschreiwungssäit vum Fichier datt en net fréizäiteg geläscht gëtt.

Wann Der dëst Bild/dëse Video/dëst Toundokument net komplett selwer geschafen hutt, frot w.e.gl den Auteur dovunner, eng vun den uewe beschriwwenen Aktiounen ze maachen. Falls en Iech d'Erlabnes scho virdru via Email ginn huet, da schéckt dës Mail virun un permissions-commons@wikimedia.org.

Wann Der der Meenung sidd, datt de Fichier d'Critèrë vun Wikipedia:EDP erfëllt (an nëmmen dann), kënnt Der ausnamsweis en Tag ewéi {{Bild-FU}} oder soss een aus der Kategorie:Schabloune fir Billerlizenzen eraussichen, an dann eng genee Beschreiwung (rationale) derbäisëtzen, déi de Gebrauch vum Fichier an engem bestëmmten Artikel justifiéiert.

Wann Der nach aner Fichieren eropgelueden hutt, wier et gutt, Der gifft iwwerpréiwen, ob Der do de Beweis uginn hutt, datt de Besëtzer vum Copyright et erlaabt huet, datt Der hiert Wierk ënner där Lizenz, déi Der uginn hutt, publizéiert huet. D'Lëscht vun de Fichieren, déi Der eropgelueden hutt, fannt Der hei. Biller, déi keng nogewisen Erlabnes hunn, kënnen eng Woch, nodeems se identifizéiert ("getagged") goufen, geläscht ginn. Wann Der dozou iergend eng Fro hutt, zéckt net, se ze stellen. Merci am viraus.

The same apply for your other uploads:

If possible also for:

-- MGA73 (Diskussioun) 17:57, 15. Aug. 2012 (UTC)Äntweren

Biller änneren

Moie Laelius,

Déi Verweiser op Biller, déi Der an den Text vum Artiekl Kiischpelter Cartoonale gesat hutt, féieren an d'Eidelt, well déi Biller virun enger Rëtsch Jore geläscht goufe. De Grond ass uewendriwwer nozeliesen: All Bild op Wiki-Commons muss noweisbar "fräi" sinn, d.h. et muss nozevollzéie sinn, datt säin Auteur ëm eng fräi Lizezn ginn huet. Et geet deemno net duer, hinzeschreiwen, ween den Auteur ass; bei Biller, déi vun engem aneren wéi dem Auteur selwer ("own work") eropgeluede ginn muss, iwwer déi uewe beschriwwe Prozedur säin Averständnes, et ënner fräier Lizenz ze publizéieren, nogereecht ginn. Soss ginn se - wéi dat de Fall war - leider nees geläscht.

Bescht Gréiss,

--Zinneke (Diskussioun) 15:40, 7. Okt. 2014 (UTC)Äntweren