--Zinneke 22:41, 12 Mäerz 2006 (UTC)

Salut! Als Joergank 1946 bass de hei nach laang net deen Eelsten an der Arena, awer déi eenzeg Bomi an der Equippe. "esou richteg wéi méiglech ze schreiwen wat nëtt ganz einfach ass" : Jo dat ass um Ufank net einfach, mee d'Gewunnecht mécht et. Wann s d'eng Fro hues, da looss se kommen. --Cornischong 19:48, 15 Mäerz 2006 (UTC)

Wëllkomm dann och vu mir :) E puer allgemeng Rotschléi a Regele wann een ufänkt Lëtzebuergesch ze schreiwen kanns du op Wikipedia:Eis Schreifweis noliesen. Ech hunn däin Artikel "Racismus" geläscht, an en als "Rassismus" opgemaach, do kanns du weider dru schaffen :) Des weideren hu mir e puer "Konventioune" wéi Artikele geschriwwe ginn, daat heescht zum Beispill am Ufank vum Artikel soll de Begrëff fettgedréckt ginn, an an engem oder zwee Sätz erklärt ginn, ëm wat et geet. Sou, ee ech dech lo volltuddelen wéi de Rescht hei leeft, ameséier dech emol, kuck dech ëm, a wanns de Froen hues, stell se roueg :) --Briséisβρισεισ 20:46, 15 Mäerz 2006 (UTC)

"ëm esou méi gesinn ech d'Wichtegkeet an, d'Lëtzebuerger Kultur festzëhaalen a Wuert an Text. d'Praxis beweist ëtt mir wësse baal méi iwwer de Congo oder oss eppes Spezifesches, mä wat an onsem Land esou leeft...?": Wann ech deng Kontributiounen hei an der Wikipedia kucken, da fannen ech guer näischt vun deem. Alles waarm Loft? --Cornischong 13:53, 20 Mäerz 2006 (UTC)

Richtegstellung änneren

Léiw Ladyrosa. Mäi Pefferkär, deen ech dem Cornischong servéiert hunn, bedeit nët datt ech dier gehollef hunn oder dass du mir sympathesch bass. Daat eenzegt waat s Du an ech gemeinsam hunn ass eist Geburtsjoer (1946). Ech wollt nëmmen dem Cornischong uroden e bësse méi tolerant mat neien User ze sinn. Är aner Differenzen gi mech näischt un an ech wëll och näischt dermatt ze di kréien. Ech hoffen op eng gudd a sachlech Zesummenarbecht op der Wiki. --Pecalux 13:30, 22 Mäerz 2006 (UTC)

am bëschten ë konkret Beispill änneren

Hei wir dann esou ee Beispill, also matt Sympathie huet dat näischt ze dinn. Ech sinn ënnert Lëtzebuerg op ën Ausdrock gestouss "Sprach a Wouerwieder". Esou seet ee net am Lëtzebuergeschen, dat ass dat wat ech ënnert schlechtem Lëtzebuergesch verstinn, eng verbéiten, verdäitschten Art a Weis. Ech hunn emol guer näischt do dergéint, fir eppes festzëhalen fir, datt een ët net vergësst, bis, datt ee kënnt deen dat verbessert. Ëntweder sinn dat "Sprëchwieder a Liewensweisheeten" , oder Sprëch, Sprëchelcher, Réim a Wourechten aus dem Volleksmond. Schéinen Dag nach an trotzdem op eng gutt Zesummenaarbecht Ladyrosa 07:45, 23 Mäerz 2006 (UTC)

esou gesinn ech dat änneren

Prinzipiell ass d'Wikipedia wëssenschaftlech orientéiert, d.h. primär geet et drëms den aktuelle Stand vum Wessen esou objektiv ewéi méigelch duerzestellen. Et ass keen Diskussiounsforum fir engem seng perséinlech Meenung duerzestellen (op dat de User Marcus zum Thema Quantentheorie oder de G. Vogel zum Thema Bommeleeër ass), falls e Punkt zu engem Thema nach a Fachkreeser debatéiert gëtt soll dat am Artikel optauchen (ech verweisen hei op den Artikel Metaphysik, en eminent philosophesche Sujet). Sujeten déi et vun Natur aus erlaaben nom Schema Definitioun, Virdeel, Nodeel, Fazit, Léisung behandelt ze ginn warde just drop datt een se esou beschreift, mee dat ass keng Patentléisung fir alles a secher net fir vill philosophesch Themen, wat wier z. B. d'Léisung vum Utilitarismus? Desweidere soll jidereen, an dene Rummen déi ech elo opgezeechent hun (aktuellt objektivt Wëssen, Zereckhalung an der perséinlecher Meenungsäusserung etc) dat zu all Artikel bäidroe wat hie weess (dat ass ee Grondprinzip vu der Wikipedia) a wann Aussoen engem net passen, diskutéiert en se a wann eng Majoritéit zum Schluss kennt datt engem seng Ausso net an d'Wiki passt flitt se eraus (dat ke jidderengem geschéien). --Marcus 10:26, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Léif Ladyrosa änneren

No folgender Feststellung: hei gouf et nach ni en neie User, dem seng Kontributiounen hu missen esou systematesch geläscht ginn well se onpassend waren, roden ech der folgendes ze maachen: iwwerlee der an Zukunft éier s de iergendëppes schreifs op et

  1. neutral ass, d.h. net deng perséinlech Meenung duerstellt, déi hei kee Mensch intresséiert, genee esouwéineg ewéi meng oder soss engem User seng
  2. sennvoll ass op deer Plaz wous de et wëll hisetzen, z. B. stinn op der Aktualitéitssäit Saachen déi schonns geschitt sinn, dëst ass keng Plaz fir Annonce vun Veranstaltungen, egal wéi interessant se sinn

Du bass nach nei hei, mee dës béid Iwwerleeunge kann ee vu jidderengem verlangen egal wéi nei en ass an et gi jo lo schonns eng Rei Beispiller wéi een et net soll maachen. Huel der déi Saachen (Minimalfuederung fir datt dat hei eng Enzyklopedie bleift) zu Häerz well soss kann et hei net zu enger gudder Zesummenaarbescht kommen, héchstens zu enger kuerzer. --Marcus 10:14, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Äntwert änneren

Ëntschelleg, da verstinn ech net firwat dann déi Informatioun mam Festival des Migrations dropgeloos ginn ass. Dann hätt dach direkt Asprooch ageluegt misste ginn. Perséinlech Meenung hinn oder hir, dat si philosophesch Gedanken, de Fir an de Contra. Ech hat dach beim Briséis eng Ufro gemaat, Definitioun, Virdeeler, Nodeeler, Conclusioun, etc. Dir sidd iech net konsequent. Wat schreiw der dann ennert dem Thema Philosophie, Psychologie wann der se an der Praxis net uwend. Also do wàert ech nach esou munch Probleem hunn bis ech dat do intus hunn a kapéiert. Wievill Frae schreiwen iwerhapt op desem Site? Villäicht leit et och do drun. An dann Wieder éwéi Sprëchwieder a Liewensweisheet, dat sinn dann Wieder ouni Liewen. Ech kréien esou lues dat Gefill wéi wenn ech méng Zäit hei verschwenden. Also déi Konferenz "sagesse populaire" villäicht trëfft déi de Nool op de Kapp. Ladyrosa 11:30, 23 Mäerz 2006 (UTC)

  • "da verstinn ech net firwat dann déi Informatioun mam Festival des Migrations dropgeloos ginn ass" deng philosophesch Ergüsse hunn ech 27 Min nodeems se opgetaucht sinn, eliminéiert
  • "philosophesch Gedanken" wanns du wells philosophéieren an dat publizéieren da maach der Webblob op, dat gehéiert net heihinn (op mannst net ënnert deer Form an op deene Pplaaze wou s du et hischreifs)
  • "Definitioun, Virdeeler, Nodeeler, Conclusioun, etc." (1) do hunn ech der drop geäntwert a gesot deem steng näischt am Wee wann den Inhalt et zouléisst, (2) bis elo hues du nach keen Artikel hei geschriwwen deen deem Schema follegt
  • "Dir sidd iech net konsequent" dat ass eng plomp Behaaptung; wou sinn dann do Beweis, Argument, Conclusioun???
  • "Wievill Frae schreiwen iwerhapt op desem Site? Villäicht leit et och do drun." NO COMMENT, ech si schliesslech vum falsche/béise Geschlecht
  • "Ech kréien esou lues dat Gefill wéi wenn ech méng Zäit hei verschwenden" et hält keen dech dervun of deng Zäit anerwärteg ze verbrengen an aaner Leit begleckend iwwer Philosphie an Psychologie opzeklären

ET GEET ELO DUER--Marcus 11:59, 23 Mäerz 2006 (UTC)

=merci= dat wor firt zweet kloer an déitlech.Ladyrosa 12:25, 23 Mäerz 2006 (UTC)