AgaPrimero
|
Ech bezéie mech op deng Reaktioun op der Diskussiounssäit vum Cornichong.
Ech versti wierklech net firwat deng Raktioun. Wat huet hien da sou "béises" gemaach. Just de Contraire ass de Fall. Hien huet verhënnert dat déin Artikel eventuel sollt geläscht ginn. (Läschgebraddels eraus) wärt secher de Kommentar sinn op dee s du dech referéiers. Durch déi Ännerung huet de Cornichong follgend Verwarnung aus dengem initialen Artikel erausgeholl
Versioun vum 31. Jul. 2009, 23:28
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Kritere fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
W.e.g. komm mir bleiwe korrekt. Am Géigendeel zu dir hunn ech éischter d'Impressioun datt de Cornischong hei bei de meeschten de Béisen a gléichzéiteg de Stoussnekël ass. Ech perséinlech hu nach keng Remark vun him fonnt, déi net hier Berechtigung hat. Seng Sprooch ass heiansdo eng geblimmelt awer dach net verletzend.
--mulles 09:56, 5. Aug. 2009 (UTC)
Gudde Mëtteg Mulles,
Vläicht hues de Recht an ech hunn e bëssen ze beleidegt reagéiert. Allerdéngs ass et net einfach ze verstoen, wie wat genau mécht. Wat soll een Neuling mat deem Term Läschgebraddels ufänken. Fir mech kléngt dat ofwäertend. Wann also déi Cornischong eigentlech gutt a vill Aarbecht mécht, da misst si dach awer un hirem Geblimmels schaffen fir och richteg opzebléien.
Eng aner Saach: Fir mech ass et net besonnesch evident, wéi eng Kommentaren ee wuer ka schreiwen. Esou hunn ech dem Cornischong e Message op seng perséinlech Säit geschriwwen, obwuel se sech op en Artikel bezitt. Doropshi kréien ech ee Message, vum Mulles op meng Säit geschriwwen,... an ech äntwerten dorop op menger Säit an hoffen, datt de Mulles déi iwwerwaacht, fir datt e meng Äntwert matkritt. Ass dat net e bësse komplizéiert oder man ech do eppes falsch? --AgaPrimero 11:03, 5. Aug. 2009 (UTC)
Mëtteg AgaPrimo,
ech hu Vollverständnes, wann s du sees datt et net evident ass fir d'Aart a Weis, ze verstoe, wéi d'Wiki a verschiddene Beräicher fonktionéiert. Deng Remark mat de Kommentare verstinn ech och. Ech war an dësem Fall der Meenung se op deng Säit ze setzen, well ech geméint hunn datt dat de beschte Wee ass fir engem eng perséinlech Informatioun matzedeelen. Ech perséinlech fannen datt, eppes an dem Sënn falsch ze maachen eng Bagatell ass. Wichteg fannen ech datt d'Wiki matt neien interessanten Artikele, wéi dengem, soll komplettéiert ginn. Also maach roueg weider. --mulles 15:35, 5. Aug. 2009 (UTC)