Haalt wgl. op, Topegkeeten op d'Wikipedia ze schreiwen oder soss aner topeg Aktiounen ze maachen. Dat gëtt als Vandalismus ugesinn. Wann Dir Saachen ausprobéiere wëllt, da maacht dat wgl. an der Sandkaul.
Informatioune fir nei Benotzer
Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn. Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Är Kontributioune gi mat Ärer IP-Adress gespäichert. Sech Umellen huet eng Rëtsch Virdeeler, dorënner d'Méiglechkeet, Biller eropzelueden. Dir hutt no véier Deeg dann och d'Méiglechkeet, semiprotegéiert Säiten z'änneren.
Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!
Wëllkomm op dëser Diskussiounssäit
Op den Diskussionssäite gëtt driwwer diskutéiert, wéi een den Inhalt op Wikipedia sou gutt wéi méiglech mécht. Benotzt dës Säit fir eng Diskussioun iwwer d'Ännerungen, déi vun dëser IP-Adress gemaach goufen, unzefänken. Dat wat s de hei sees kënnen aner Benotzer ëffentlech gesinn. Vill IP-Adressen ännere sech a reegelméissegen Ofstänn a ginn dacks vu méi Persoune benotzt.
Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren.
Sou eng IP Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn.
Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze verhënneren.