Benoît Mandelbrot
De Benoît B. Mandelbrot, gebuer den 20. November 1924 zu Warschau, a gestuerwen de 14. Oktober 2010 zu Cambridge, Massachusetts, war e franséisch-amerikanesche Mathematiker.
Benoît Mandelbrot | |
---|---|
Gebuer |
20. November 1924 Warschau |
Gestuerwen |
14. Oktober 2010 Cambridge |
Doudesursaach | Bauchspäicheldrüsekriibs |
Nationalitéit | Polen, Frankräich, USA |
Educatioun |
Lycée du Parc, École polytechnique, California Institute of Technology, Universitéit vu Paräis |
Aktivitéit | Mathematiker, Ekonomist, Professer, Wëssenschaftler, Schrëftsteller, Informatiker, Ingenieur, Universitéitsprofesser |
Member vun | National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Association for the Advancement of Science |
De Mandelbrot kënnt aus enger jiddesch-litauescher Famill aus Polen, déi 1936 a Frankräich, an duerno an Amerika ausgewandert ass. Hie war emeritéierte Sterling Professor op der Yale University, a wëssenschaftliche Mataarbechter beim Thomas J. Watson Research Center vun der IBM an och beim Pacific Northwest National Laboratory.
Hien ass bekannt fir seng Aarbechten iwwer d'fraktal Geometrie an d'Chaosfuerschung. Seng populäerst Entdeckung ass de fraktale Mandelbrot-Ensembel.
Um Spaweck
ännerenCommons: Benoît Mandelbrot – Biller, Videoen oder Audiodateien |