Benjamin Boss

US-amerikaneschen Astronom

De Benjamin Boss, gebuer den 9. Januar 1880 a gestuerwen de 17. Oktober 1970 war en US-amerikaneschen Astronom. Hie war de Jong vum Astronom Lewis Boss.

Benjamin Boss
Gebuer 9. Januar 1880
Albany
Gestuerwen 17. Oktober 1970
Albany
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Astronom
Famill
Papp Lewis Boss

1906 bis 1908 war hien Direkter vum U.S. Naval Observatory zu Tutuila, Samoa. No senger Aarbecht am Department of Meridian Astrometry vum Carnegie Institution of Washington gouf hien 1915 Direkter vum Dudley Observatory.

1912 gouf de Boss Editor vum Astronomical Journal.

D'Aarbechtsgebitt vum Benjamin Boss war wéi bei sengem Papp d'Positiounsastronomie.

Seng bedeitendst Wierker waren den Albany Catalogue mat 20811 Stären, de San Luis Catalogue mat 15333 Stären an de General Catalogue mat 33342 Stären.