De Bengt Edlén, gebuer den 2. November 1906, a gestuerwen den 10. Februar 1993, war e schweedeschen Astrophysiker.

Bengt Edlén
Gebuer 2. November 1906
Gestuerwen 10. Februar 1993
Lund
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit Uppsala
Aktivitéit Physiker, Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences

Den Edlén war vun 1944 bis 1973 Professer op der Universitéit Lund.

Säin Haaptfuerschungsgebitt war d'spektroskopesch Analys vun der Sonnekorona. Spektrallinnen, déi bis dato engem net identifizéiertem Element - Coronium genannt - zougeuerdnet goufen, konnt hien 1940 als Linne vu multipel ioniséiertem Eisen erklären. Dës Deitung gouf net direkt akzeptéiert, well dëst eng Temperatur vu Millioune Grad an der Korona erfuedere géif.

Hie gouf am Joer 1945 mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society an 1968 mat der Henry Draper Medal ausgezeechent.

Publikatiounen änneren

  • Bengt Edlén: An attempt to identify the emission lines in the spectrum of the solar corona in: Ark. Mat. Astron. Fys., 28B, no. 1, 1-4,1941.
  • Bengt Edlén: Die Deutung der Emissionlinien im Spektrum der Sonnenkorona, in: Z. Astrophys., 22, 30-64, 1942.
  • Bengt Edlén: The identification of the coronal lines. Mon. Not. R. Astron Soc., 105, 323-333. 1945.
  • Bengt Edlén: Forbidden Transitions and Their Applications in Astrophysical and Laboratory Plasmas, 1982, in:5TH GEN.CONF.EUR.PHYS.SOC:TRENDS IN PHYSICS 1982 P.375, 1982
  • Bengt Edlén:Laboratory data on atomic spectra for extreme ultraviolet solar spectroscopy, 1965, in: Annales d'Astrophysique, Vol. 28, p. 623
  • Bengt Edlén:Zur Deutung der Spektren der heiβen Sterne. Mit 2 Abbildungen, 1933, in: Zeitschrift für Astrophysik, Vol. 7, p. 378

Um Spaweck änneren

Commons: Bengt Edlén – Biller, Videoen oder Audiodateien