Benediktinerinneklouschter zu Peppeng

D'Benediktinnerinneklouschter zu Peppeng ass e Klouschter, dat 1904 no Pläng vum Architekt Sosthène Weis am neo-gotesche Stil gebaut gouf. Et gehéiert zu der franséischer Federatioun vun de Benediktinerinne vun der éiweger Ubiedung. Den offiziellen Numm vum Uerden ass: "Ordo Sancti Benedicti" an d'Ofkierzung ass "O.S.B."

Benediktinerinneklouschter zu Peppeng
Land Lëtzebuerg
Gemeng Réiser
Koordinaten 49°31'24,481"N, 6°7'40,357"O

D'Gebai änneren

Et steet zu Peppeng op der Plaz vun engem Haff aus dem Joer 1775, dem "Kneppesch Haff", deen 1875 an e Klouschter fir Benediktinerinnen déi aus Däitschland koumen, ëmfunktionéiert gouf. 1883 goufen d'Wirtschaftsgebaier ofgerappt, fir duer e Fligel vum Klouschter ze bauen, an 1904 gouf d'Wunnhaus selwer duerch en Neibau, no Pläng vum Sosthène Weis, ersat.

An der Kapell vum Klouschter si Wandmolereien aus dem Joer 1928 vum Benediktinerpater Notker Becker aus dem Klouschter Maria Laach.

Den 12. Oktober 2007 gouf d'Klouschter als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Quell änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Benediktinerinneklouschter zu Peppeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).