Ben Homan

lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Ben Homan, gebuer de 26. Mee 1961 a gestuerwen de 7. Juli 2023[1] war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter[2] a Lokalpolitiker[3].

Ben Homan
Gebuer 26. Mee 1961
Gestuerwen 7. Juli 2023
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Schoulmeeschter
Partei CSV

Bei de Gemengewale vun 1994 ass de Ben Homan eng éischt Kéier an de Gemengerot zu Biermereng gewielt ginn. Vun 2005 bis 2011 war hie Buergermeeschter vun där Gemeng a gouf dunn 2011 Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Schengen.

Bei de Chamberwale vun 2013 war de Ben Homan fir d'CSV am Osten mat an d'Wale gaangen, ass awer net gewielt ginn.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Doudesannonce vum Ben Homan am Luxemburger Wort vum 10. Juli 2023 op der Säit 23
  2. (de)Schengen-Verfechter Ben Homan gestorben. luxemburger-wort-online (08.07.2023). Gekuckt de(n) 08.07.2023.
  3. (lb)Am Alter vun 62 Joer: De fréiere Schengener Buergermeeschter Ben Homan ass dout. www.rtl.lu (07.07.2023). Gekuckt de(n) 07.07.2023.