De Bellerophon (beim Homer Bellerophontes) war e griicheschen Held, Jong vum korinthesche Kinnek Glaukos an der Eurymede. Well e säi Papp ëmbruecht hat, huet en den Haff misse verloossen an ass bei de Kinnek Proitos vun Tiryns gaangen, deem seng Fra Stheneboia sech leidenschaftlech an e verléift huet. Wéi de Bellerophon se awer zeréckgewisen huet, huet si sech gerächt andeems se hirem Mann gesot huet hie wier hanner er hier.

De Bellerophon bréngt d'Chimär ëm

Doropshi schéckt de Proitos, dee senger Fra gegleeft huet, de Bellerophon bei säi Schwéierpapp Iobates, Kinnek vu Lykien, zesumme mat engem Bréif an deem den Iobates opgefuerdert ginn ass hien ëmzebréngen. Den Iobates huet dem Bellerophon verschidden Aufgabe ginn, alles an der Hoffnung datt en dobäi géif ëmkommen. Awer de Bellerophon huet all déi Aventurë mat Erfolleg iwwerstanen. En huet souguer d'Chimaira vernicht. Zum Schluss huet den Iobates him souguer seng eegen Duechter zur Fra ginn a bestëmmt datt säin Edem säin Troun no sengem Doud ierwe sollt.

Dunn huet de Bellerophon Revanche un der Stheneboia geholl. Nodeem en op Tiryns zeréckkomm war huet hie si iwwerriet um Pagasos ze reiden, an huet se iwwer dem Reiden an d'Mier gestierzt.

Spéider huet de Bellerophon versicht mam Pegasos den Olymp z'erreechen, mä ass awer, well den Zeus en zeréckgeschleidert huet, ofgestierzt an ëmkomm. No enger anerer Versioun huet en de Stuerz zwar iwwerlieft, mä ass awer a Melancholie verfall.

De Bellerophon ass haaptsächlech zu Korinth a Lykien veréiert ginn.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Bellerophon – Biller, Videoen oder Audiodateien