Befreiungsmonument Esch-Uelzecht

Krichsmonument fir un d'Befreiung vun der Naziokkupatioun duerch d'US Arméi z'erënneren

D'Monument fir d'Befreiung duerch d'US-Arméi zu Esch-Uelzecht ass e Krichsmonument, dat den 30. September 1974 ageweit gouf, fir un d'Befreiung vun der Naziokkupatioun am Zweete Weltkrich duerch d'U.S. Arméi, den 10. September 1944, z'erënneren.

Befreiungsmonument Esch-Uelzecht
Typ Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Kanton Esch-Uelzecht
Plaz Esch-Uelzecht
Ageweit 30. September 1974
Material Kalleksteen
D'Inscriptioun.

D'Aweiung war a Presenz vum amerikanesche Generol George D. Eggers an dem Colonel George R. Brooking, deem éischten US-Zaldot, deen 1944 op Esch koum[1].

Et besteet aus engem 16 Tonne schwéiere Kalleksteen, vum Rëmelenger Huttbierg, dee vun der Arbed gestëft gi war[2]. Op der Gedenkplack déi drop ass, steet:

In memory
of the
liberation
of Esch by
the U.S. Army
Sept. 10, 1944

D'Monument steet an der Lëtzebuerger Strooss, op der Grobierche-Plaz, vis-à-vis vum Tuerm vun de Wirtschaftsgebaier vum fréiere Schlass Berwart.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Jeng Geimer: "Ces monuments témoins de notre passé: Monuments et bâtiments historiques à Esch." In: 100 Joer Esch 1906-2006. Esch-sur-Altzette, 2005, S. 280-295; hei: S.293.
  2. Geimer 2005.