Bech (Äisch)
Bach an der Belsch an zu Lëtzebuerg
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Baach Bech. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Bech (Homonymie). |
D'Bech ass eng belsch-lëtzebuergesch Baach um Territoire vun de Gemengen Arel an Habscht.
Längt | 3 km |
---|---|
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz |
Arel Spëtz |
Héicht | 350 m |
Koordinaten |
49° 40’ 31.24’’ N 05° 49’ 59.46’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | Äisch |
Plaz | Äischen |
Héicht | 274 m |
Koordinaten |
49° 41’ 01.6’’ N 5° 52’ 44.7’’ O |
Geographie | |
Land |
Belsch Lëtzebuerg |
Regioun | Areler Land |
Se huet hir Quell westlech vu Waltzing no bei der Spëtz zu Arel an der Belsch, a leeft vun do aus de ganzen Zäit no Osten duerch e schmuelen Dall op d'Lëtzebuerger Grenz zou, déi se no ronn 1.500 Meter am Lengendall (de:Lingental) erreecht. Just virum Lengendall gouf en Héichwaasserbaseng gebaut, fir hiren Debit ze regléieren, an Iwwerschwemmungen am ënneschte Laf ze verhënneren.
Weider geet et dann an Direktioun äischener Faubourg fir dann no nees 1.500 Meter bei der Bréck vum CR108 Um Dänn an d'Äisch ze lafen.
Déi lescht 350 Meter leeft se ënner der Uertschaft erduerch.