Bassekou Kouyaté
De Bassekou Kouyaté, gebuer 1966 am Duerf Garana bei Ségou,[1] ass en N'goni-Museker aus dem Mali.[2] Säi Repertoire baséiert op der Bambara-Kultur.[3]
Bassekou Kouyaté | |
---|---|
Gebuer |
1966 Mali |
Nationalitéit | Mali |
Aktivitéit | Museker, Sänger |
Biographie
ännerenDe Bassekou Kouyaté gouf am klengen Duerf Garana am Mali gebuer, dat ongeféier 60 km vu Ségou ewech läit. Hien ass an enger renomméierter Griot-Famill opgewuess. Seng Mamm, d'Yagaré Damba, war eng Sängerin a scho säi Papp, de Moustapha Kouyaté, war ee bekannten N'goni-Spiller.[4] Och de Bassekou Kouyaté huet am Alter vu sechs Joer ugefaangen, dat Instrument ze spillen.[2]
Well säi Papp krank war huet de Bassekou 1979 seng Mamm als N'goni-Spiller op hir Tournée an d'Côte d'Ivoire an an de Burkina Faso begleet.[4] Mat 19 ass hien an d'Haaptstad Bamako geplënnert, wou hien 1987 de jonken Toumani Diabaté kennegeléiert huet.[5] An de spéiden 1980er Jore ass hien dacks mam Toumani senger Grupp am Mali an an der Regioun opgetrueden an huet och op sengen Albume Songhai (1989) an Djelika (1995) gespillt.[3]
1990 huet hien op engem Banjo-Festival am Tennessee gespillt, wou hie vum bekannten amerikanesche Blues-Museker Taj Mahal bemierkt gouf, mat deem hie spéider e puermol opgetrueden ass.[5]
Ufank der 1990er huet hie Concerte mam Toumani Diabaté a mam Balafon-Spiller Kélétigui Diabaté gespillt.[5] 2003 huet hie mat senger Fra, der Sängerin Amy Sacko, an anere Museker d'Grupp Samagéra gegrënnt, déi ënner anerem an Holland an der Belsch opgetrueden ass.[4]
Spéider huet hien, erëm mat senger Fra an anere Familljememberen, d'Grupp Ngoni ba gegrënnt. Fir hiren éischten Album Segu Blue (2007) gouf si an de Kategorië "Beschten Album" a "Beschten afrikanesche Kënschtler" mam Musekspräis BBC Radio 3 World Music Award ausgezeechent.[6],[7] Den zweeten Album I Speak Fula (2009) gouf fir e Grammy Award nominéiert. Am Mäert 2012, matzen am Konflikt am Mali, ass den Album Jama Ko opgeholl ginn, deen d'Joer drop verëffentlecht gouf.[4] Am Fréijoer 2015 ass de véierte Studiosalbum Ba Power erauskomm, mat deem d'Grupp och an Europa op Tournée geet.[8]
2008 gouf de Bassekou Kouyaté zum Chevalier de l'ordre national du Mali ernannt.[2]
Discographie
ännerenAlbume vum Bassekou Kouyate & Ngoni ba:
- 2007: Segu Blue
- 2009: I Speak Fula
- 2013: Jama Ko
- 2015: Ba Power
- 2019: Miri
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ De Bassekou Kouyaté an der Däitscher Nationalbibliothéik (gekuckt den 11. Mee 2015)
- ↑ 2,0 2,1 2,2 malikounda.com: ENTRETIEN AVEC BASSEKOU KOUYATE: "Nous les artistes, nous nous battons pour vendre l'image du Mali aux touristes, ce n'est pas en ce moment que nous allons faire la guerre..." (6. Abrëll 2012)
- ↑ 3,0 3,1 Out Here Records: BASSEKOU KOUYATE & Ngoni ba – Segu Blue (gekuckt den 11. Mee 2015)
- ↑ 4,0 4,1 4,2 4,3 musiques-afrique.com: Biographie (gekuckt den 11. Mee 2015)
- ↑ 5,0 5,1 5,2 abidjan.net. Biographie (gekuckt den 11. Mee 2015)
- ↑ SF Jazz: Presentatioun (gekuckt den 11. Mee 2015)
- ↑ soundcrashmusic.com: Bassekou Kouyate – Ba Power (Album Launch) (gekuckt den 11. Mee 2015)
- ↑ f-cat.de: Mali Blues: Bassekou Kouyaté & Ngoni Ba (gekuckt den 11. Mee 2015)