De Barrage vu Montargil ass e Staudamm a Portugal am Distrikt Portalegre an der Gemeng Ponte de Sôr eng ronn 2,5 km südlech vun der Uertschaft Montargil. Den Damm gouf 1954 geplangt, an 1958 war de Bau fäerdeg. De Bauhär war d'Associação de Regantes e Beneficiários do Vale do Sorraia.

Barrage vu Montargil. Vue op den Damm
Polterbecken

De Stauséi gëtt vum Floss Ribeira de Sôr gefiddert, deen zum Anzuchsgebitt vum Tejo gehéiert.

De Staudamm huet eng duebel Funktioun, an zwar Waasserreservoir fir d'Irrigatioun vun de Räisfelder a Stroumproduktioun.

D'Hydroelektresch Zentral ass mat enger Francis-Turbinn ekipéiert déi eng Joresleeschtung vu 5,9 GWh huet. Si gëtt iwwer eng Drockleitung mat engem Duerchmiesser vun 1,5 m beliwwert, mat engem Maximaldebit vu 35 m³/s.

An den Irrigatiounskanal kënne 765 m³/s oflafe gelooss ginn, an den Offloss gëtt iwwer 4 Segmentschibere regléiert.

Technesch Donnéeë vum Damm

Héicht vum Fëllement (iwwer Mier)[1]: 048 m
Héicht vum natierlechen Terrain (iwwer Mier): 036 m
Héicht vum Barrage: 035 m
Héicht op der Kroun (iwwer Mier): 083 m
Längt vun der Kroun: 427 m
Breet vun der Kroun: 012 m
Bauvolumen: 858.000

De Stauséi huet eng Fläch vu 1.646 ha an e Waasservolume vun 164.300.000 m³, wouvun der 142.700.000 fir Stroumproduktioun, oder Irrigatioun kënne gebraucht ginn. Den héchste Waasserstand ass bei 80 Meter (iwwer Mier).

Fotosalbum änneren

Waasserschacht vun der elektrescher Zentral Iwwerlaf a Schachte fir d'Irrigation Vue op de Séi an Direktioun Montargil

Referenzen änneren

  1. D'Héicht iwwer dem mëttlere Mieresspigel a Portugal huet als Ausgankspunkt de Peegel vu Cascais