Ribeira de Sôr
De Ribeira de Sôr ass e Floss a Portugal an der Regioun Alentejo dee seng Quell bei Alagoa huet. Nodeem en duerch déi kleng Stad Ponte de Sor gelaf ass fiddert en de Stauséi vu Montargil, fir da weider bis op Couço ze fléissen, wou e mam Ribeira da Raia zesummeleeft fir de Rio Sorraia ze bilden.