D'Gestécks war am 19. an am Ufank vum 20. Joerhonnert déi ënnescht Befestigungsschicht beim Opbau vun enger Strooss. De System vum Gestécks gouf vum franséische Stroossebauingenieur Trésaguet am Joer 1764 entwéckelt. D'Gestécks huet aus méi oder wéineger grousse Steng bestanen (15 – 20 cm), déi mat der Hand op den ënneschte Fong vun der Strooss sou gutt wéi méiglech gläichméisseg getässelt goufen. Wéinst verschiddenen Nodeeler, wéi niddreg Drofähegkeet an deier Bauweis, gouf d'Gestécks an der Mëtt vum 20. Joerhonnert duerch aner Bauweisen, wéi z. B. de Macadam ersat.

Schnëtt duerch eng Strooss mat Gestécks

Literatur änneren

  • Frohmut Wellner, Strassenbau: Konstruktion und Ausführung; Beuth Verlag, 2005, ISBN=3-3450-0812-2