Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Barbarathermen, eng vun den dräi réimeschen Thermen zu Tréier, leien net wäit ewech vun der Réimerbréck. Si hunn hiren Numm no deem fréier do geleeëne Stadsquartier St. Barbara krut. Méi al nach wéi d'Keeserthermen goufe si an der Mëtt vum 2. Joerhonnert vun de Réimer gebaut an haten no Schätzungen eng Gréisst vu ronn 172 × 240 m. Domat ware se nieft den Trajanthermen zu Roum déi zweetgréisst vun där Zort.

Maquette vun de Barbathermen

Déi haiteg Ruin, mat hiren nidderegen Iwwerreschter, gouf bis Enn vum 17. Joerhonnert als Steebroch benotzt a gehéiert haut zum Weltierwe vun der UNESCO. Wéinst dréngleche Baumoossname gëtt dëst réimescht Bauwierk momentan restauréiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Barbarathermen – Biller, Videoen oder Audiodateien