Baccarat ass eng franséisch Stad a Gemeng am Departement Meurthe-et-Moselle an der Regioun Grand Est am Dall vun der Meurthe.

Baccarat
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meurthe-et-Moselle
Arrondissement Lunéville
Kanton Baccarat
Postcode 54120
Gemengecode 54039
Koordinaten 48° 26’ 57’’ N
      06° 44’ 20’’ O
Fläch  1.353 ha
Bevëlkerung  4.724 (2008)

D'Stiedche läit eng 23 km südëstlech vu Lunéville op enger Héicht vun 268 Meter. Seng Awunner gi Bachamois genannt.

Am 18. Joerhonnert goufe Kristallmanufakture gebaut an dat hei produzéiert Kristallglass ass als Baccarat weltwäit bekannt ginn.

Baccart aus der Loft D'Stadhaus vu Baccarat D'Kierch St. Rémy um Uwänner vun der Meurthe

Nopeschgemengen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Baccarat – Biller, Videoen oder Audiodateien