Fatzeg Dänn

Aart an der Gattung Kiferen
(Virugeleet vu(n) Bësch-Kifer)
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Fatzeg Dänn (Pinus sylvestris) ass eng Aart an der Gattung Kiferen, vun den Nolholzplanzen aus der Famill vun de Pinaceae.

Fatzeg Dänn
Bësch-Kifer / Gewéinlech Kifer
An anere Sproochen fr: pin sylvestre
de: Wald-Kiefer
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Pinophyta
Klass Coniferopsida
Uerdnung Pinales
Famill Pinaceae
Ënnerfamill Pinoideae
Gattung Pinus
Wëssenschaftlechen Numm
Pinus sylvestris
L., 1753

Verbreedung a Rassen änneren

Vun den indegeene Bamaarten an Europa huet d'Fatzeg Dänn wéinst hirem groussen Upassungsverméigen u klimatesch Géigesätz a well se keng grouss Ufuerderungen un de Buedem stellt, déi gréisst Fläch eruewert. Hiert natierlecht Gebitt reecht vun Norditalie bis an den Norde vun de skandinavesche Länner a vun de Vogese bis a Sibirien. Hiert Haaptgebitt ass de kontinentalen Osten, am Westen um Bord vum Atlantik feelt se. Bekannt Rasse sinn d'südwestdäitsch Kifer aus dem Déifland, déi éischter e kromme Stamm huet, méi veräschtelt ass an eng breet Kroun huet, souwéi déi norddäitsch déi meeschten e riichte, schlanke Stamm huet. D'Kifer aus den Héichte vun de Mëttelbierger ass schlank mat rengen Äscht a mat enger spatzer Kroun déi éischter där vun de Fiichte gläicht.

Uspréch änneren

D'Fatzeg Dänn ka sech gutt dem Klima upassen. Se wiisst grad sou gutt am mëlle wéi am raue Klima, ass net empfindlech géint d'Hëtzt a brauch net géint de Frascht geschützt ze ginn. Am allgemenge brauche se vill Liicht, just déi nordesch Rassen an déi aus de Bierger verdroen an der Jugend e liichte Schierm wann den Ënnergrond frësch genuch ass. Se brauch net vill Fiichtegkeet am Buedem, an huet ze héich Loftfiichtegkeet net gär. Se verdréit versaiert, basenaarm Biedem sou gutt wéi dréche karbonräicher. Wann de Buedem ze räich ass, da gëtt Qualitéit vum Holz net sou gutt, well se ze grouss Joresréng an ze graff Äscht mécht. Déi bescht Leeschtungen huet se op schwaachleemegem bis leemegem Sand, ouni Ortsteen, wa se kann un d'Grondwaasser kommen.

Verhalen am Bestand änneren

Ausgesinn änneren