Bénestroff
franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle
Bénestroff ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est, 8 km westlech vun Albestroff.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Moselle | ||||
Arrondissement | Sarrebourg-Château-Salins | ||||
Kanton | Le Saulnois | ||||
Postcode | 57670 | ||||
Gemengecode | 57060 | ||||
Koordinaten | 48° 54’ 18’’ N 06° 45’ 36’’ O | ||||
Fläch | 956 ha | ||||
Bevëlkerung | 516 (1999) |
Den Uert war schonn zu réimescher Zäit als Bonconica bewunnt a gouf am Joer 1093 als Bovenestorff ernimmt. D'Uertschaft gehéiert zanter 1766 zu Frankräich.
Am Joer 1885 gouf d'Gare vu Bénestroff gebaut, déi eng bedeitend Tëschestatioun op der Streck vu Metz op Stroossbuerg gouf.
Nopeschuertschaften
änneren- Ibrick am Norden
- Neufvillage am Nordnordosten
- Nébing am Osten
- Rodalbe am Westen
Kuckt och
änneren- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle